“Aus eiser Siicht - Schülergedanken”, sou den Numm vun der Expo, déi mat Ënnerstëtzung vun der Oeuvre nationale am ALR realiséiert gouf. Am Fokus vun der Ausstellung sti Fotoen, déi d’Schüler bei hiren Excursiounen op verschidde Lieux de mémoire selwer gemaach hunn. Sou zum Beispill an de fréiere Konzentratiounslagere Sachsenhausen, Dachau oder Neuengamme. De responsabelen Enseignant vum Projet Mike Raas, zu den Hannergrënn:
“Den Hannergrond ass, dass et fir eis als Lycée eng wichteg Aufgab ass an eisen Aen, d’Erënnerung un déi schrecklech Verbriechen aus der NS-Zäit bei de Jonken oprecht z’erhalen. An deem Kontext empfanne mir et als essenziell wichteg, dass si aus dem Klassesall erausginn an ënnert anerem all Joer eis 2èmes Klassen a verschidden däitsch Stied op Erënnerungsuerter fueren. An an deem Kontext huet sech dunn d’Iddi erginn, fir dann duerno eng Fotoausstellung, mat de Gedanke vun de Schüler ze realiséieren, déi da fir all eis aner Schüler do ass. (...) Mir hunn dat als feste Bestanddeel an eisem Programm vun der Schoul fir eeben nieft de Coursen am Klassesall och mat hinne raus sech déi Saachen ukucken ze goen. An ech mengen och dass et aktuell an eiser heuteger Zäit, rëm méi wéi jee wichteg ass, dat ze maachen.”.
Eng éischte Kéier e Fouss an e fréiert Konzentratiounslager ze setzen, ass fir déi meescht Leit eng immens emotional Erfarung. Bei de Schüler a Schülerinnen aus dem ALR war dat net anescht. Sou zum Beispill beim Gritty, Schülerin op enger 1ère, dat lescht Schouljoer op Visitt am KZ Sachsenhausen war:
“Et war extreem bedréckend (...) Et huet sech ugefillt wéi wann een op enger Zäitrees wär an dat nach eng Kéier kéint - net materliewen, well ech wëll mech guer net op déi Plaz stellen, dass ech soe kéint dass ech empfanne ka wat déi Leit do empfonnt hunn - mee et huet een déi Impressioun kritt, wéi schlëmm dat wierklech war. (...) Et ass einfach vill méi reell dat Grauen, dat Leed, wat do geschitt ass, wann een op der Plaz selwer ass an déi Infrastrukture gesäit an déi Leit schwätzen héiert.”
Och fir dem Gritty säi Klassekomerod Noah war d’Visitt am KZ net einfach nëmmen e Schoulausfluch:
“Et war einfach schwéier, déi ganz Atmosphär. Et ass ee rakomm an et huet een do schonn alles gro gesinn. Et ass wéi en Ofschnëtt aus der Welt, deen einfach net beliicht ass. (...) Duerno gesäit een, wéi déi Leit geschlof hunn, wéi déi Leit gehaust hunn. Et ass einfach alles extreem homogeen (...) D’Leit sinn all zesummegeheit ginn an ech mengen dat war einfach net mënschlech. Et war scho bedréckend, och als Schüler, och wann een dat net materlieft huet, dass een dat awer gesäit, wéi dat gewiescht ass a warscheinlech nach vill méi schlëmm war wéi ee sech dat virstelle kann.”
Bei den eenzelen Ausstellungsstécker handelt et sech ëm Fotoen, déi d’Schüler bei hirer Visitt am KZ besonnesch beweegt hunn. Wärend beim internationale Shoah-Commemoratiounsdag de Fokus besonnesch op de jiddeschen Affer vun den Naziverbrieche läit, ass awer och d’Foto vun engem Gedenkstee fir déi homosexuell Affer Deel vun der Expo. Fir d’Amélie, wat dës Foto gemaach huet, war den LGBTIQA+-Fändel um Gedenkstee “e Stéck Faarf an där soss groe an dréchener Plaz”. D’Impressioun, déi d'1ères-Schülerin vum KZ Sachsenhausen hat, ënnerscheet sech kaum vun där vu senge Schoulkolleegen:“Ech hat am Fong wierklech Schwieregkeete mir virzestellen, wat do alles passéiert ass. Well et war alles scho sou zersat. Mee et war awer soss wierklech eng bedréckend Plaz.”

Eens si sech allen dräi Schüler, datt d’Erënnerung un Nazi-Terror an Holocaust muss erhale bleiwen, fir datt sech d’Geschicht net widderhëlt, betount d’Gritty:
“Ech fannen et ass einfach extreem wichteg, dass een dorun erënnert gëtt, well een einfach och dorun erënnert gëtt, wat een net wëll dass nach eng Kéier geschitt. Well et gesäit een alles. Do si Leit, déi engem real eppes erzielen, wéi et dozou komm ass, déi éischt Unzeechen an da gëtt een nach emol vill méi opmierksam drop, dass een oppasse muss wat geschitt, dass een aktiv muss sinn an einfach real an der Welt muss do sinn, matkréie wat geschitt, fir präventiv dogéint schaffen ze kënnen, fir dass net nach eng Kéier sou eppes geschitt.”
“Aus eiser Siicht - Schülergedanken” ass eng Expo vu Schüler fir Schüler. Nach bis de 6. Februar wäerten déi eenzel Fotoen am Gebai vum ALR ausgestallt sinn.