De Moritz Ney ass e Kënschtler, dee schonn zanter den 1970er Joren zu Lëtzebuerg an am Ausland aktiv ass.

Seng Wierker si faarweg an erënnere staark un d’Molereien aus dem Expressionismus aus dem fréien 20. Joerhonnert. Elo kann ee seng Wierker am Kader vun enger Expo am GO ART zu Esch bewonneren.

D’Nathalie Becker an d’Julie Reuter sinn d’Curatricë vun der Expo an hu mat de Raimlechkeete vum Gebai gespillt fir d’Wierker vum Moritz Ney no hire verschiddenen Thematiken opzehänken.

De Kënschtler spillt mat verschiddenen Motiver, wéi Blummen, Landschaften, Akten oder Plagen. A sengen neiste Wierker beschäftegt hie sech mat der Schueberfouer.

Ma de Moritz Ney ass net nëmme Moler mee och Sculpteur. Genau wéi bei senge Biller erkennt een och hei d’Fräiheeten, déi sech den Artist hëlt, fir ze schaffen. Fir d’Kreatioun vu senge Skulpture benotzt hien haaptsächlech gebrauchte Géigestänn aus dem Alldag. Virun allem déi afrikanesch Kultur huet hie fir des Aarbechten inspiréiert.

D’Expo geet nach bis de 7. Juni an der Galerie GO ART zu Esch.