Um Samschdeg de Mëtteg war Familljendag
Um Samschdegmëtte war et un deene Klengen, fir an d’Festivalsstëmmung ze kommen.
Dofir hunn d'Organisateure sech Atelieren afale gelooss wou d'Kanner konnte bastelen, danzen, an och kannergerecht Spektakelen erliewen.
“Et soll och fir si Schrëtt si fir an déi kulturell Welt. Et ass dat, wat haut feelt: Entdeckunge maachen. Et gesäit een ëmmer déi selwecht Saachen, et gesäit een déi selwecht Gesiichter, déi selwecht Käpp. Et héiert een déi selwecht Saachen. Fir eis ass et wichteg, dass si aner Saachen entdecken a gesinn, e bëssen ewech komme vum Tablet a vum Handy, an et wierklech erliewen,” esou de John Rech, Direkter vun Opderschmelz
Hinne wier wichteg, Sécherheet an Inklusivitéit ze bidden; esou waren ënnert anerem och de Plooschterprojet, Pipapo a Rosa Lëtzebuerg do.
Et ass déi véiert Editioun vum Usina, deen 2022 an d’Liewe geruff gouf. Et ass e kollaborative Festival vun der Gemeng Diddeleng, dem Atelier, an dem Kulturclub De gudde Wëllen.
Um Freideg ware ronn 2.000 Leit do; et hätt een awer mat méi Leit gerechent. Ma d’Organisateure waren zefridden, well och verschidden Altersgruppen ugelackelt goufen an eng Mëschung vu grouss a kleng do war.