Am Kader vun de 25 Joer um Troun an dem Wiessel am Oktober huet d'Post eng Expo organiséiert an och ee speziellen Timber rausbruecht.

Am Siège vun der Post op der Gare, dem HELIX-Gebai, kann ee sech vum 5. Juni bis de 5. Juli d'Expo "Grand-Duc Henri: un règne, une époque. Chronique philatélique d’un jubilé d’argent" ukucken. Iwwer 30 Timbere fënnt een hei; opgedeelt op zwee Espacen um Rez-de-chaussée an um drëtte Stack am Post-Gebai. D'Timbere weisen de Grand-Duc esouwuel eleng ewéi och un der Säit vu senger Famill an an de verschiddensten Etappen an Occasioun"vu senger Herrschaft-

Am Kader vun de 25. Joer um Troun huet d'Post e spezielle Jubiläumstimber rausbruecht. Fir de brodéierten "Deluxe-Timber", op deem d'Wope vum Grand-Duc ze gesi sinn, goufe kleng Kristallen aus Éisträich benotzt an et gouf zousätzlech mat engem Gold-Fuedem aus 24 Karat brodéiert. D'Unzuel vun dësem ganz speziellen Timber ass op 1.000 Exemplaire limitéiert. Wien also esou ee wëll ergatteren, dee soll sech op der Expo prett halen, wou se vum 20. Juni un an enger klenger Holzkëscht fir de Präis vun 150 Euro verkaaft ginn.

Ganz ongedëlleg Sammler kënne sech de Jubiläumstimber entweder op der Expo virbestellen oder op www.postphilately.lu.

D'Expo leeft, wéi gesot, vum 5. Juni bis de 5. Juli an ass gratis fir de Public, dat vu méindes bis freides tëscht 9 an 18 Auer a samschdes tëscht 10 a 16 Auer (sonndes ass zou).

Esou ass de brodéierten "Delux"-Timber entstanen