Villa Petrusse mécht Mëtt Juni seng Dieren op
Et kënnt nees Beweegung an déi fréier Villa Baldauff. Eng Villa mat vill Geschicht. 1880 gouf se gebaut vum Lëtzebuerger Architekt Pierre Kemp an huet dem franséischen Industriellen Eugène Kerckhoff gehéiert.
D‘Zil vun der Lëtzebuerger Regierung war et zu deem Zäitpunkt, mat der Erlabnis vum Bau vu sou prestigiéise Villae ronderëm d‘Stater Parke laangfristeg Investisseuren op Lëtzebuerg ze zéien. Elo soll se fir de Public zougänglech gemaach ginn a Funktioun vun engem Hotel. Duerno ass d‘Villa duerch d‘Bestietnis vun der Wittfra vum Albert Kerckhoff mam François Baldauff iwwergaangen un d‘Baldauff-Dynastie. Dofir och de fréieren Numm vum Gebai - der Villa Baldauff.
3 Generatiounen hunn dra gelieft, ier den zanter 2018 klasséierten "Patrimoine national" laang eidel stoung. 2017 huet sech d‘Mammefirma vun der Luxembourgeoise dem Projet ugeholl an déi haiteg Villa Petrusse fir 10 Milliounen Euro kaf an duerno fir 20 Millioune renovéiert an an e Luxus-Hotel transforméiert. 22 Kummeren, dorënner zwou Suiten an ee Penthaus wäerte vu Juni u Gäscht kënnen empfänken. Dobäi gouf awer probéiert, esou vill wéi méiglech vun der Geschicht vum Haus bäizehalen. Sou gouf zum Beispill de fréiere Parquet komplett leiegelooss a restauréiert, sou wéi och déi al Molereien un de Maueren an um Plaffong. An och ënnerierdesch hätt een eppes Historesches, nämlech en Deel vun de Kasematte vun der Stad. A wat gehéiert bei Lëtzebuerger Geschicht dozou, och eng Lëtzebuergesch Kichen. Am Restaurant Le Lys ass de Chefkach de Kim de Doon, e Lëtzebuerger, dee laang Zäit am Ausland gelieft a geschafft huet an deen elo nees zu Lëtzebuerg Fouss faasst.