"Geschichten aus dem déiwe Süden"
Tableaue vun de Schmelz-Gebaier nieft Skulpturen aus Iwwerreschter vun der Stolproduktioun. Méi Minett geet jo bal net.
Tableaue vun de Schmelz-Gebaier nieft Skulpturen aus Iwwerreschter vun der Stolproduktioun. Méi Minett geet jo bal net. Mir waren d‘Expo „Geschichten aus dem déiwe Süden“ op Schëffleng kucken an hunn d‘Kënschtler getraff.
Et si Vuen, déi all Minettsdapp aus sengem Alldag kennt, ma d‘Geschichten, déi de Sculpteur Jhang Meis an de Moler Rol Steimes hei erzielen, betreffe Lëtzebuerg als Ganzt.
Jhang Meis: "Aus enger Arbed ass Arcelor ginn. Aus Arcelor ass op eemol ArcelorMittal ginn. D‘Leit wousste net méi richteg, wou se dru waren. D‘Héichiewe sinn ofgerappt ginn, den Elektrouewen ass komm. Dat waren eng Dosen, fofzéng Joren, déi schrecklech waren. A Gott sei Dank kënnt dann awer de Revers vun der Medaile: d‘Konjunktur ass erëm eropkomm.“
Et ass ewell déi 13. Ausstellung, déi den Déifferdenger Meis an den Diddelenger Steimes zesummen op d‘Bee stellen.
De Rol Steimes weist a senge Biller dacks en Ëmbau, e Schantjen, en Zoustand dertëscht.
Rol Steimes: "D‘Héichiewe, wéi se am Ëmbau waren, wou Kranen drop stinn a wou se amgaange sinn, drun ze schaffen. Wou dat Ganzt ofgebaut gëtt, erëm opgebaut gëtt. Dat war scho wichteg fir dat ze weisen, wéi den Oflaf war."
Dem Jhang Meis seng Skulpture bestinn zum groussen Deel aus Offallprodukter aus dem Stolwierk. Nieft Usiichte vu Schëffleng an Diddeleng, spille beim Rol Steimes och déi sougenannte Kathedrale vum Süden eng grouss Roll: D‘Héichiewen um Belval, déi ebe net ofgerappt goufen. Fir de Kënschtler schloe si d‘Bréck tëscht Vergaangenheet an Géigewaart.
"Geschichten aus dem déiwe Süden“ am Schëfflenger Konschthaus direkt nieft der Gemeng kënnt Dir nach bis de 5. Juli kucke goen. Ëmmer vu Mëttwochs bis Sonndes a vu 14 bis 18 Auer.