De Weltstar Katie Melua am RTL-Interview
Am Summer wäert d'Sängerin en Tëschestopp an der Rockhal maachen.
D’Singer a Songwriterin Katie Melua ass mat 18 Joer zu engem reegelrechte Weltstar ginn. Mat Lidder wéi "Nine Million Bicycles" a "Closest Thing to Crazy” zielt si haut zu den erfollegräichste brittesche Sängerinnen.
Néng Alben huet si mëttlerweil erausbruecht an am Summer geet d’Katie Melua erëm op eng kleng Tournée a mécht och de 15. Juli en Tëschestopp hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal.
D'Musekerin, mat georgesche Wuerzelen, erzielt am Interview iwwer hir Heemecht, wéi d'Museksindustrie sech verännert huet, iwwert hiert neit Liewen als schaffend Mamm an den Drock ëmmer produktiv mussen ze sinn. Ausserdeem séngt si en Extrait aus hirem Lidd "Love and Money".