De Thriller- a Krimi-Auteur ass am Alter vun 86 Joer no kuerzer Krankheet gestuerwen, confirméiert d'BBC an d’Noriichtenagence AP.

Zu senge bekanntste Romaner gehéieren "De Schakal" oder "D’Akt Odessa", déi an Dosende Sproochen iwwersat goufen a sech méi wéi 75 Millioune mol verkaf hunn.