De weltbekannten DJ Martin Garrix spillt de 4. Juli 2025 eng Show bei der Luxexpo. Am Interview gëtt hien en Abléck a seng Aarbecht.

Am Interview mat Today Radio sot de Martin Garrix: "Ech hu schonn sou laang net méi zu Lëtzebuerg gespillt, et wäert mir wierklech vill Spaass bereeden.“

Den Optrëtt um Luxexpo Open-Air ass ee vun de wéinege grousse Summer-Concerten an Europa. Senge Fans versprécht den DJ eng "verréckte Produktioun", wou déi klassesch Hits wéi "Animals" net feelen dierfen. Hie wäert awer och nei, nach net verëffentlecht Lidder, virum Lëtzebuerger Public live performen.

De Martijn Garritsen, wéi hien eigentlech heescht, gouf 2013 mat sengem Welthit "Animals" bekannt. Hien huet zënterhier op grousse Festivaller wéi Tomorrowland gespillt, mat Stars wéi Dua Lipa, Khalid oder U2’s Bono & The Edge zesummegeschafft a seng eege Plackefirma STMPD RCRDS gegrënnt.

"Ech experimentéiere vill mat neie Stiler an anere Genren", seet hien. "Fir datt et och spannend bleift."

Och no iwwer engem Joerzéngt an der Musekswelt ass de Garrix nach ëmmer passionéiert. Hie kuckt mat vill Emotioun zeréck op déi éischt Joren: "Ech war esou jonk... alles ass sou séier gaangen. Et war de Start vun enger verréckter Rees."

Am Interview zielt den DJ eng witzeg Anekdot wärend enger Show hei am Land: "Et war eng super Show, mee do war wierklech een, deen an der Mëtt vun engem Set ageschlof ass!"

De Concert gëtt organiséiert vum Atelier an ass de 4. Juli 2025 am Kader vun den Open-Air Concerte bei der Luxexpo.

Lauschtert de kompletten Interview op Englesch

Martin Garrix talks about life, music, and touring with Alice Monnat