De Sting huet Lëtzebuerg op en Neits konnten iwwerzeegen a matrappen an dat och duerch de Lëtzebuerger Drummer Chris Maas.

Den zweeten Dag vun den Open-Air-Concerte vum Atelier bei der Luxexpo um Kierchbierg war definitiv en anere Vibe wéi Green-Day den Dag virdrun. Mee "Sting 3.0" konnt instrumental a musikalesch wéi och stëmmlech komplett iwwerzeegen an huet och bei grousser Hëtzt keen dovun ofgehalen, Klassiker matzesangen an ze danzen !
 
De Sting ass keen onbeschriwwent Blat zu Lëtzebuerg an huet schonn zeg Concerten am Grand-Duché gespillt an ëmmer erëm e grousse Public ugezunn. En Dënschdeg war et net anescht an net manner wéi 12.500 Leit wollte sech et net entgoe loossen, de fréiere Frontman vun The Police live an dann och nach Open Air ze gesinn oder erëm ze gesinn. "Sting 3.0" heescht d’aktuell Welt-Tournée vum Power Trio, spréch de Sting, begleet vum Dominic Miller, mat deem hien an de leschte 35 Joer gespillt huet an dem Lëtzebuerger Drummer Chris Maas.

73 Joer huet de Sting antëscht, ma den éischte Moment, wou een hie live op der Bün gesäit, mierkt een him deen Alter absolut net un. Hie kritt de Public direkt a säi Bann gezunn, flirt reegelrecht mat de Spectateuren a muss net vill maachen, fir datt d’Leit all eenzel Wuert vu senge wuel bekanntste Lidder eent zu eent mat sangen. Mam Optakt vu "Message in a bottle" ass de ganze Site um Kierchbierg natierlech och direkt zréck versat an d’80er Joer vun The Police. Lidder wéi "Walking On the Moon" oder "Every Little Thing She Does is Magic" suerge beim Public fir Euphorie an och Nostalgie. Dat Ganzt ouni vill "Chi-Chi". Dräi Leit op der Bün, déi duerch hir Instrumenter an natierlech duerch eng nach ëmmer staark Stëmm vum Sting einfach iwwerzeege kënnen. Fléissend Iwwergäng, een Hit nom aneren an eng visibel Freed bei den dräi Museker op der Bün loossen de Public einfach net kal. Dertëscht adresséiert de Sänger sech ëmmer erëm un de Public a léisst et sech net huelen ze rappelléieren, datt ëmmerhin e Lëtzebuerger mat op der Bün sëtzt. An de Chris Maas huet engem zwar bei der enormer Hëtzt deels Leed gedoen, mee déi huet hien awer gekonnt iwwerspillt, a mat esou enger Energie a Passioun gewisen, wéi extrem talentéiert hien als Drummer ass an et ass absolut net verwonnerlech, datt hien et esou wäit bruecht huet.

50 Joer mécht de Sting scho Musek an awer gesäit et op der Bün aus, wéi wann hien net midd géif ginn. Hie straalt eng Rou aus an eng Professionalitéit sonnergläichen. Tëscht verschidde Lidder huet hie sech mol a senger Liedersbox missen op e Barhocker sëtzen, ma mat 73 Joer an nach esou enger Stëmm an Energie kann een engem Museker dat awer absolut net iwwel huelen.

No der Zugab vu "Roxanne", bei där wierklech och déi, deenen et bis dohi vläicht ze waarm war, nach eemol alles ginn hunn, huet d’Band mam Lidd "Fragile" op eng ganz gemittlech an intim Manéier en hëtzegen an iwwerzeegende musikaleschen Owend ofklénge gelooss.