4.000 Kanner hate sech gemellt: Den Aymerick Waisse Da Silva kann am beschte virliesen

© MENJE
En Dënschdeg war d'Finall vum 20. Virliesconcours zu Esch am fréiere Kino Ariston. Et ass e Concours, deen antëscht eng fest Traditioun ass.
Méi wéi 4.000 Meedercher a Jongen aus dem Cycle 4 hate sech fir dëse Concours ugemellt, fir d'Finall hate sech der 8 qualifizéiert - 4 Meedercher a 4 Jongen. Sinn d'Organisateure soss nach duerch d'Land gereest, war d'Finall scho fir déi drëtte Kéier am Escher Ariston an ass en Deel vun der grousser LevelUp-Initiativ vum Service de coordination de la recherche et de l´innovation pédagogiques et technologiques, kuerz SCRIPT.
Aus all den Umeldungen huet eng lokal Selektioun aus Enseignanten a Schoulbibliothecairen déi bescht erausgesicht. Mat deenen 88 Gewënner aus all de Schoulen goufe 15 regional Véierelsfinalle an duerno Halleffinallen ofgehalen, bis eben déi lescht Aacht iwwreg bliwwe sinn.
Schreiwes mat den Detailer an dem Gewënner am Interview
An der Finall hu si sech missen dräi Epreuvë stellen:
- engem "bekannten" Text, dee si vum SCRIPT gestallt kruten a konnten iwwert de Weekend preparéieren
- engem ganz onbekannten Text aus engem Buch als "lecture de vue"
- engem Liestheater als Gruppenaufgab, an deem allkéiers zwee Schüler matenee virgelies hunn
Gewonnen huet um Enn den Aymerick Waisse Da Silva aus der Grondschoul Belair-Diderich. Hien huet de Jury beim bekannten imposéierten Text, en Extrait aus dem däitsche Buch "Nothing but spies" vum Mario Fesler, iwwerzeegt wéi och beim ganz onbekannten Text aus dem Buch "Le journal de Raymond le démon – Où est le mal ?" vum Luc Blanvillain an dem Liestheater, an dësem Fall op Franséisch, deen extra fir d’Finall geschriwwe gouf.
Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren:
- d'Caroline Fellerich
- d’Elena Ignacimouttou Lohr
- den Aurelius Münks
- d’Eve Schmitt, de Jules Schalbar
- de Ben Stork
- d’Noémie Trierweiler
- an den Aymerick Waisse Da Silva
All Finalistin an all Finalist krut e Buch an e Bicherbong vun enger Librairie. De Gewënner krut e Bong fir e méi héije Betrag an dëst Joer fir d’éischt och e flotte LevelUp-Pokal.