Den Julian McMahon huet a ville US-Serië matgespillt, elo ass hien am Alter vu 56 Joer u Kriibs gestuerwen.

Den US-Schauspiller Julian McMahon, bekannt aus "Nip/Tuck" a "Fantastic Four", wier friddlech gestuerwen nodeems hie mat vill Courage géint de Kriibs gekämpft hätt. Dat huet seng Fra Kelly McMahon an engem Statement matgedeelt.

De McMahon war duerch seng Roll an der Serie "Nip/Tuck", déi tëscht 2003 an 2010 gespillt huet, bekannt ginn.18 war d'Serie fir d'Primetime Emmys nominéiert. Donieft war hien als Dr. Victor Von Doom an de "Fantastic Four"-Filmer zesumme mam Jessica Alba a Chris Evans aus de Joren 2005 an 2007 bekannt.