Täter zu Fouss geflüchtBei Course-poursuite zu Diddeleng goufe stationéiert Autoen an eng Trap beschiedegt

RTL Lëtzebuerg
Dann mellt d'Police weider, datt si nach e puer Permisen agezunn hunn an en aggressive Passant seng Nuecht um Policebüro verbruecht huet.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

Um fréie Méindeg de Moien huet d'Police eng Vitesskontroll an der Route de Luxembourg zu Diddeleng gemaach. Dobäi ass e Won, deen däitlech ze séier ënnerwee war, hinnen opgefall. D'Beamten hu probéiert, den Automobilist unzehalen, deen awer doropshin Demi-Tour gemaach huet a vun der Plaz geflücht ass. D'Polizisten hunn d'Poursuite opgeholl. Well d'Stroossen awer naass waren, hunn d'Beamten an der Rue Gaffelt d'Kontroll iwwer hire Won verluer a kruten zwee Autoen, déi do ofgestallt waren, ze paken. Dem flüchtegen Automobilist ass et net besser gaangen, dee koum nämlech an der Rue Karl Marx vun der Strooss of an ass an d'Trape vun engem Haus gerannt. Dono ass de Mann mat sengem Auto weider a Richtung Grenz geflücht. Op franséischem Territoire net wäit ewech vum Grenziwwergang konnt den Auto fonnt ginn, de Chauffer hat sech awer zu Fouss duerch d'Bascht gemaach. Eng Sich nom Automobilist war bis ewell awer ouni Succès.

Da gouf der Police e Sonndeg géint 17 Auer en Auto gemellt, deen op der N8 zu Reckeng eng Verkéiersinsel ze pake krut a géint e Schëld wéi och eng Stroosseluucht gerannt war. Eng Patrull konnt d'Automobilistin kuerz drop untreffen. Dës hat däitlech ze vill gedronk a krut dofir provisoresch de Permis ofgeholl. Fir eng Kontroll gouf si awer och nach an d'Spidol bruecht.

Am Zickzack war da kuerz drop e Chauffer op der N18 bei Boxer ënnerwee. Dobäi hat dësen eng Mauer ze pake kritt a war och méi wéi eng Kéier op d'Géigebunn geroden. Op engem Parking du konnten d'Polizisten den Auto an de Chauffer untreffen. Well och hei Alkohol am Spill war, gouf de Permis agezunn.

Geféierlech ënnerwee war dann en Automobilist zu Bouneweg. Wéi d'Police de Won bis lokaliséiert hat, hunn d'Beamte festgestallt, datt dëse schwéier beschiedegt war. De Chauffer huet och zouginn, datt hien an en Accident verwéckelt war. Bei der Kontroll ass de Beamten en Alkoholgeroch opgefall, wat duerch en Test konnt confirméiert ginn. De Permis gouf agezunn.

Da konnt nach e Mann seng Nuecht am Passagearrest seng Nuecht verbréngen, nodeem dësen am Garer Quartier an der Stad aner Passante belästegt huet. Och géintiwwer de Poliziste war hien onkooperativ an huet d'Beamten, déi op der Plaz hir Aarbecht wollte maachen, beleidegt. D'Polizisten hu wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand dunn decidéiert, datt hien eng Gefor fir sech an anerer duerstellt. Nieft der Nuecht um Policebüro krut de Mann och nach e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung.

Back to Top
CIM LOGO