Zu Nidderkuer entsteet e Wunnprojet, deen net nëmmen bezuelbare Wunnraum schafe soll, mee virun allem Perspektiven, fir Leit, déi et um Wunnengsmaart schwéier hunn, eng Wunneng ze fannen. D'Rout Kräiz huet am Quartier Mathendall aacht Haiser an 33 Appartementer kaaft, déi fir Mënschen a Famillje geduecht sinn, déi vun der "Cellule Logement Encadrement Solidaire" begleet ginn. Haut si scho sechs vun den Haiser bewunnt. De Recht vum Projet soll bis Enn vum Joer fäerdeg ginn.
An engem vun dësen Haiser lieft zanter Abrëll eng Famill aus Syrien mat hiren dräi Kanner. Ufanks huet d'Famill an engem Foyer gelieft, éier si beim Roude Kräiz no Hëllef gefrot hunn. Vun hinne krute si dunn eng Wunneng zu Esch, allerdéngs just mat engem Kontrakt op dräi Joer. Nuets hätt d‘Famill awer knapps nach roueg kënne schlofen, erzielt d'Mamm Noura Hawot, well d'Ongewëssheet ronderëm hir Zukunft an d'Angscht, keng Wunneng ze fannen, ëmmer méi grouss gi wier. Haut kënne si et bal net gleewen, endlech eng Plaz fonnt ze hunn, wou déi geflücht Famill ka bleiwen.
"Elo fille mir eis endlech sécher a kënnen e rouegt Liewe féieren. Heiansdo kënne mir et nach ëmmer bal net gleewen, well mir ni geduecht hätten, esou eng Chance ze kréien. Mir hunn all Dag no enger Wunneng gesicht, Leit gefrot, déi mir kennen an um Internet gekuckt, mee mir hate bal keng Hoffnung méi. Elo huet sech eist Liewen awer komplett verännert. Fir d'éischt zënter laanger Zäit fille mäi Mann, meng Famill an ech eis endlech net méi ënner Drock a kënne méi entspaant liewen."
De Projet gëtt wéi gesot vun engem Service vum Roude Kräiz begleet, dee Mënschen a Familljen a schwierege Liewenssituatioune sozial begleet an hinnen hëlleft, nees eng stabil Wunnsituatioun opzebauen. Déi concernéiert Leit ginn dobäi och am Alldag ënnerstëtzt. No enger Analys vun der Situatioun géifen d'assistéiert Leit op eng Waardelëscht gesat ginn, a jee no Besoin eng Wunneng proposéiert kréien, déi passe kéint. Esou erklärt et d’Valérie Schaaf – Assistante Sociale bei der Croix-Rouge d'Situatioun.
"Il peut s'agir d'une garantie de la Croix-Rouge pour les aider à accéder au logement privé, d'une liste d'attente auprès des gestionnaires de logements sociaux, ou d'un logement abordable, comme les maisons présentes ici. Ainsi, nous les assistons lors de leur installation, en leur proposant un référent logement qui leur expliquera le fonctionnement de la maison ainsi que la vie en communauté avec les voisins, tout en assurant un suivi social pour les orienter vers une issue positive et réussie."
D'Nofro no bezuelbarem Wunnraum bleift natierlech awer weiderhi grouss. Sou stinn aktuell eng Ronn honnert Persounen a Familljen op der Waardelëscht bei der Croix-Rouge. Am Kader vun der Strategie 2030 versicht een dofir weider, nei Wunnméiglechkeeten ze schafen, fir nach méi Familljen eng Perspektiv ze bidden, sou den Direkter Michel Simonis.
"Mir hunn nach 250 Wunnengen, déi am Bau sinn, a mir wäerte bis 2030 nach weider investéieren. D‘Waardelëschte si leider ganz ganz laang. D‘Situatioun an de Flüchtlingshaiser sinn zum Beispill ganz prekär, well do d'Qualitéit vum Wunne wierklech net gutt ass. Do sinn eigentlech ganz vill Leit, déi eigentlech ee Statut hunn, ee sougenannte bénéficiare de protection international (BPI) sinn an eigentlech an deene Flüchtlingsstrukturen näischt verluer hunn. Déi missten eigentlech ganz normal wunnen."
Finanziell ënnerstëtzt gouf de Projet ënner anerem vum Fonds Schuman an dem Logementsministère, deen iwwer d'Gesetz vum Logement abordable d'Méiglechkeet huet, de Projet bis zu 75% ze kofinanzéieren.
D'Lëtzebuerger Rout Kräiz ënnersträicht dann och d'Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht tëscht ëffentlechen, privaten a soziale Partner, fir laangfristeg géint d'Wunnengskris virzegoen.
De komplette Reportage fannt Dir och an eiser News-Podcast-Serie "Nogelauschtert".