Shared Zone e Samschdeg just fir d'Museksfrënn reservéiert
Wärend déi eng Gemengen hir Fête de la Musique hunn, probéiert d'Gemeng mam Absolut Bartreng zanter 4 Joer d'Museksfrënn ugangs Juli an hiren Duerfkär ze zéien.
Dëst Joer mat dobäi ware Gruppen a Museker ewéi: Purple Disco Machine, Sophie and the Giants oder Dream Catcher.
D'Iddie koum virun 10 Joer mat der Inauguratioun vum Shared Space am Zentrum. "Do hu mer dat ëmmer weidergefouert", esou de Bartrenger Buergermeeschter Youri De Smet. "Et gouf eng kleng Paus wärend Covid an dunn hu mer decidéiert, eng Collaboratioun mam Atelier op d'Been ze stellen."
Déi meescht Visiteuren awer kommen aus dem Eck. En Treff fir eng Schnëssegt, e Patt mat Musek, ma virun allem, Zäit mateneen ze verbréngen. "Mir hunn eis kulturell och ganz nei opgestallt", erkläert de Buergermeeschter. "Mir hunn extra e Kulturbeoptraagten agestallt. Fir d'Zesummeliewe vun enger Gemeng ass dat immens wichteg. Mir hunn nieft dem Musikaleschem och nach eng ganz Rei aner Aktivitéite fir d'Zesummeliewen ze fërderen."
E Fest fir d'ganz Famill. Laang bleift et net roueg zu Bartreng. D'nächst Woch geet et weider mam traditionelle Surf in Town. An ugangs August mam groussen Duerffest, organiséiert vun 12 Veräiner.