
Der Police war e Sonndeg géint 19:45 Auer en Auto gemellt ginn, deen zu Esch-Uelzecht a Schlaangelinnen ënnerwee war an ëmmer nees an de Géigeverkéier geroden ass. D'Gefier konnt kuerz drop op engem Parking ugetraff ginn. Den Alkoholtest beim Mann war positiv, géint hie gouf e Fuerverbuet verhaangen.
An engem weidere Fall war e Chauffer bei enger Verkéierskontroll op der A4 mat 134 km/h amplaz vun erlaabte 70 Stonnekilometer erwëscht ginn. Och géint dëse gouf e Fuerverbuet verhaangen an de Permis agezunn.
Op der selwechter Autobunn a Richtung Stad gouf dann nach an der Nuecht e weideren Auto mat 122 amplaz vun den erlaabte 70 km/h erwëscht. Beim Chauffer hunn d'Beamten ausserdeem Alkoholkonsum festgestallt. Och an dësem Fall gouf et e Fuerverbuet an de Fürerschäi agezunn.