Techno-Marching-Band versetzt de Neimënster an eng Party-Kuliss

Den Optakt vun den Open-Air Concerten am Neimënster huet um Samschdeg Owend déi däitsch Band Meute gemaach.
Si sinn net fir d’éischt am Grand-Duché opgetrueden a konnten de Public op en Neits begeeschteren.
Elektronesch Beats gekoppelt mat klassescher Blosmusek ass eng ongewinnt Mëschung, déi ee sech deels just schwéier virstelle kann, déi Meute awer komplett assuréieren a se dofir och als Band eenzegaarteg maachen. Déi 11 Museker vun Hamburg an hire rouden Uniforme sinn antëscht weltwäit bekannt, hu schonn an den USA an ënnert anerem um Coachella-Festival gespillt a sinn op de Concerten hei an Europa praktesch ëmmer ausverkaf.
E Samschdeg den Owend war dat och de Fall hei zu Lëtzebuerg. Virun iwwer 2.500 Spectateuren huet Meute um Parvis vum Neimënster op en Neits bewisen, datt ee fir Techno-Téin net forcement e Synthesizer oder Computer brauch. De gemëschte Public vu jonk an al huet sech relativ séier matrappe gelooss vun der Energie vun der Band a war begeeschtert, wéi d’Museker, wéi et typesch fir se ass, bemol vun der Bün erof matten an de Leit gespillt hunn. D’Freed, déi d’Artiste selwer hunn, gesäit een hinnen net just of, et spiert ee se reegelrecht. Eng sympathesch Band mat Power, déi déi wonnerschéi Kuliss vum Neimënster an eng Open-Air Party verwandelt huet.