Vum 15. Juli bis de 15. September kënne potentiell Kandidaten hire Projet fir de "Prix de l’Artisanat d’Art 2025" erareechen.

Och dëst Joer di sech d’Fondation Félix Chomé, d’Chambre des Métiers an d’Associatioun De Mains De Maîtres zesummen a starten en Opruff  fir Konschthandwierker, déi am Grand-Duché täteg sinn, fir en ambitiéise Projet virzestellen.

Den 3. November ginn de Gewënner oder d'Gewënner annoncéiert an den 18. November am Kader vum Vernissage vun der Biennale De Mains De Maîtres 2025 kréie si hire Präis. Dësen ass mat bis zu 35.000 Euro dotéiert an déngt dozou, fir de Projet, dee si eragereecht hunn, ëmzesetzen. Dat fäerdegt Konschtwierk respektiv déi fäerdeg Wierker ginn op der Biennale 2027 virgestallt.