Eng Zäitrees an de musikalesche Kosmos vun der franséischer Elektronik
De franséischen Duo Air huet d'Rockhal op engem Sonndegowend an en aneren Universum matgeholl an de Public begeeschtert.
Et war wéi eng Rees duerch Zäit a Raum op déi Air de Public e Sonndeg den Owend an der Rockhal zu Esch matgeholl huet. E Concert, dee ganz am Zeeche vun hirem ikoneschen Album "Moon Safari" stoung, deen 1998 d’Welt vun der elektronescher Musek komplett op d’Kopp geheit huet.
Vun den éischte sphäreschen Téin u war kloer, de Nicolas Godin a Jean-Benoît Dunckel ratteren net einfach en Album of, mee huelen de Public mat a vermëttelen Emotiounen. Dat ganzt gekoppelt mat engem Bünebild, wat aussergewéinlech a faszinant ass. Déi zwee Museker stinn an enger Zort "Këscht", déi beliicht ass an d’Bün am Fong visuell vum Rescht vum Sall oftrennt. Eng geometresch Box, déi jee no Lidd eng aner Faarf krut an ee praktesch hypnotiséiert huet. Béid Museker ganz a wäiss ugedoen, wierken extrem lässeg a routinéiert. D'Musek steet am Fokus an déi visuell Inzenéierung verstäerkt dat ganzt am Fong just, ouni awer am Vierdergrond ze stoen.
Klassiker wéi "Sexy Boy", "All I Need" oder "Kelly Watch the Stars" sinn awer net einfach eent zu eent erof gerattert ginn, mee fir d’Live-Performance adaptéiert. No ronn 45 Minutten ass d’Band eng éischte Kéier vun der Bün gaangen a mat enger anerer Energie zréckkomm. D’Téin, d’Projektiounen an och d’Stëmmung am Sall waren ufanks virun allem verdreemt an hu sech lues a lues gesteigert a si méi faarweg a lieweg ginn.
En Owend, deen eppes Nostalgesches a Verdreemtes op sech hat an e Gefill hannerlooss huet, wat schwéier ze beschreiwen ass. An enger Zäit, an där Live-Concerten dacks op visuell Effekter setzen, ass den Optrëtt vun Air an der Rockhal wéi e Géigepol dozou gewiescht, dee richteg guttgedoen huet. Reduzéiert, präzis an zäitlos. E Concert, dee kee Chi-Chi brauch. Beim Public sinn net just Erënnerungen un d'90er Joren ervirgeruff ginn, mee Air huet de Leit e Gefill ginn, fir e Moment komplett enzwousch anescht ze sinn.