Zu Mäertert war de Weekend déi 11. Editioun vum Eastcoast Festival. Bei fräiem Entrée a guddem Wieder ware vill Leit komm.

Op zwou Bünen hunn ënner anerem Fred Baretto Group, Scarlet Anger, Fallen Lies a Larry Bonifas fir musikalesch Diversitéit gesuergt

Als Headliner huet déi däitsch Band April Art mat engem energiegeluedenen Optrëtt a vill Applaus de Festival ofgeschloss.

D’Organisatioun, de Kader am Park zu Mäertert an d’Offer mat Foodtrucks a Late-Night-Busservice goufen allgemeng positiv opgeholl. Den Eastcoast Festival konnt sech domat och dëst Joer als regional Museksevenement behaapten.