De Gast Waltzing mat Lëtzebuerger Museker op der Kinnekswiss
Zanter méi wéi 30 Joer ass de Gast Waltzing als Komponist, Dirigent an op der Trompett aktiv. 2015 konnt hien esouguer mat sengem Album "Sings" e Grammy gewannen.
Seng Musek ass villfälteg, vun Jazz bis Elektro ass quasi alles dobäi, ma virun allem ass hien awer fir seng Produktioune mat klasseschen Orchestere bekannt. Um Museksfestival op der Kinnekswiss war de Gast Waltzing dëst Joer och erëm dobäi an huet eng Fusioun aus klassescher a moderner Musek presentéiert.
De Fokus vum Gast Waltzing sengem Concert op der Kinnekswiss louch dës Kéier virun allem op der Lëtzebuergescher Musekszeen. Dofir huet hie mat jonke Lëtzebuerger Museker wéi dem Laura Thorn, dem Joel Marques an dem Nosi, deen och de 16. Juli um Tomorrowland Festival optrëtt, zesummegeschafft. Den Orchester, deen d’Museker begleet huet, war den Tschecheschen Nationalorchester. De Gast Waltzing ass frou, d’Lëtzebuerger Musekszeen esou kënnen ze representéieren.
"Mir hu Lëtzebuerger Artiste mat hire Kompositiounen a Lëtzebuerger Arrangementer, och vu Lëtzebuerger gemaach, zesumme mam Tschecheschen Nationalorchester a mir stellen eigentlech d’Lëtzebuerger Zeen vir an engem anere Bild, wéi et normalerweis ass."
Et ass awer och eng Collaboratioun, déi an zwou Richtunge geet. Net nëmmen de Gast Waltzing war frou, fir fir dëse Projet mat Lëtzebuerger Museker zesummenzeschaffen. Och déi dräi, déi d’Éier hu mat him op der Bün ze stoen, sinn houfreg a gesinn dëst als eng perséinlech Beräicherung un.
"Wa mer mat him geschafft hunn elo fir d’Preparatiounen, war hie ganz relax drop an ech mengen, hien huet jo schonn e klenge Legendestatus hei zu Lëtzebuerg an dofir ass et eng schéin Erfarung. Hien ass e Mann, dee mir nach vill bäibrénge kann", esou den Nosi.
Et ass allerdéngs, och wann deen een oder aneren et kéint mengen, näischt Neies, dass de Gast Waltzing esou e Projet wéi deen heiten, bei deem hie klassesch an net klassesch Musek vermëscht, un d’Leit bréngt. Wärend senger laanger Karriär als Museker a Komponist huet hie schonn dacks mat verschiddene Genrë vu Musek geschafft an déi mat sengem eegene Stil verschmëlze gelooss.
"Dat ass jo eigentlech dat, wat ech maachen am normalen. Ech versichen ëmmer Symphonieorchester mat Afrikanescher Musek, mat Jazz, mat Rock, mat Pop, mat Rap iergendwéi ze verbannen."
An nom Concert op der Kinnekswiss steet schonn direkt deen nächste Projet beim Gast Waltzing virun der Dier. De Museker a Komponist bréngt nämlech deemnächst erëm en neien Album eraus. Et ass awer nach net genee gewosst, wéini déi nei CD erauskomme soll.
"Si ass nach net esou richteg eraus, se ass esou hallef eraus. Si kënnt elo, ech sinn elo mat Plackefirmen a Gespréicher. Ech hu mir emol erëm eng Kéier e Pleséier gemaach. Ech spillen Trompett, mee ech hunn eppes e bësse Komesches gemaach. Et ass Elektronik mat Sträichorchester, Trompett an elektresch Gei. Et ass e bëssen dee Stil 'you like it, or you hate it'. Et ass näischt dotëscht, well ech hu mir e Pleséier gemaach."