Et ass en Zenario, dee kee Concertsorganisateur erliewe wëll: Staarkreen oder e schwéiert Donnerwieder wärend engem Concert, wou Dausende vu Mënsche sinn.

Genee dat ass am August 2011 zu Hasselt, op engem vun de gréisste Museksfestivaller an der Belsch geschitt. Beim Pukkelpop-Festival huet e Stuerm mat Knëppelsteng a Reen zu enger Massepanik gefouert: Fënnef Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, iwwer 140 Persoune goufen deels schwéier blesséiert.

Och zu Lëtzebuerg gëtt dës Gefor net op déi liicht Schëller geholl. Virum Start vun enger ganzer Rei Summer-Open-Air-Concerte ronderëm d’Luxexpo um Kierchbierg huet d’Ekipp vum Atelier déi meteorologesch Risike fest am Bléck.

"Nummer eent ass ëmmer d'Sécherheet vun de Fans, awer och vun de Crewen", betount de Laurent Loschetter vum Atelier. Un ee Concert erënnert hie sech besonnesch: Et war eng reegelrecht "Schlammschluecht" beim alleréischte Rock-A-Field. De Concert gouf kuerzfristeg ënnerbrach an d’Leit konnten ouni Problemer zréck an hir Autoen, bis d’Situatioun sech berouegt hat.

Kloer Prozeduren am Fall vun engem Donnerwieder

Haut wier Preparatioun nach eng ganz aner. Um Kierchbierg gi massiv Tierm mat Gewiichter ofgeséchert, d’Planen däerfe just 30 Prozent loftdicht sinn, sou dass de Wand ka fräi duerchblosen.
Am Fall vun engem Donnerwieder ginn et kloer Prozeduren: "Wa mir evakuéieren, muss all eenzele Member vun eiser Ekipp seng Roll kennen, och déi, déi mir net perséinlech kennen", seet de Laurent Loschetter.

Meteolux: D’Gefor kënnt dacks kuerzfristeg

Duerch d’Zesummenaarbecht mat Meteolux bleift d’Organisatioun ëmmer um neiste Stand. De Luca Mathias, Meteorolog beim staatleche Wiederdéngscht, erkläert: "Mir schaffe mat Néierschlagsradaren a Satellittebiller, déi all fënnef Minutten aktualiséiert ginn. Trotzdeem ass et onméiglech, ganz präzis virauszesoen, wou a wéini genee e lokale Summerdonnerwieder entsteet."

D’Donnerwieder entstinn duerch komplex Zesummespiller vun ënnert anerem Fiichtegkeet an Temperatur a kënne sech bannent Minutten entwéckelen. Trotz Fortschrëtter an der kënschtlecher Intelligenz sinn d’Modeller nach net präzis genuch, fir d’Phenomener op engem klenge Land wéi Lëtzebuerg exakt ze lokaliséieren.

Neie Risiko duerch Klimawandel

D’Klimaverännerung stellt d’Branche virun nei Erausfuerderungen. "Fréier hues de fir eng ganz Woch d’Vue gehat. Haut trauen ech der Meteo just nach fir 24 Stonnen", seet de Chef vum Atelier. "Wann et reent, reent et vill méi."

Um Mëttwochowend ass e weidere Concert bei der LuxExpo: de belsche Rapper Damso steet op der Bün.

Um Mëttwoch si lokal Schauere méiglech. Gréisstendeels bleift et awer dréchen.

Dëse Reportage war Deel vun der Emissioun "Pisa".

Kuckt hei nach eng Kéier de komplette Replay