1993 hat d'ASBL "De Schankemännchen", benannt no enger Seechefigur aus der Bousser Geschicht, hiren éischte Fräiliichtspektakel am Prommenhaff zu Groussbus opgefouert.

Lo 32 Joer méi spéit presentéiert d'Theatertrupp ëm den Auteur Jemp Schuster dem Public hir mëttlerweil scho 17. Theaterproduktioun.

"Bei der Däiwel" ass d’Geschicht vun engem jonke Meedchen, dat onbedéngt en Engagement un der Oper wëll, awer ëmmer erëm ofgewise gëtt – bis et ee fënnt, deen ëm säi Wonsch erfëllt. Ee Stéck, dat am wuertwiertleche wéi och am iwwerdroene Sënn op verschiddenen Niveaue spillt. Sou ass d’Bün op zwou Etagë verdeelt déi, zesumme mam feste Buedem, d’Hell, d’Äerd an den Himmel symboliséieren. Donieft geet et awer och ëm e Klassenënnerscheed, sou den Auteur Jemp Schuster:
 
“Mir gesinn och wéi déijéineg, déi Chance hunn am Liewen an déi besser gestallt sinn, maache kënnen, wat se wëllen. Wéi den Direkter vun der Oper, deen och ee Pakt mam Däiwel gemaach huet, ma deen dee Kontrakt awer guer net muss anhalen. Alleguerten déi aner Leit, déi kleng Charakteren, déi sech net kënne wieren, déi kommen ënnert d’Rieder.”  
 
De Jemp Schuster huet des Geschicht no Fragmenter aus zwee Stécker vum Ödön von Horváth geschriwwen: “Himmelwärts” a “Glaube Liebe Hoffnung”. Den éisträichesch-ungaresche Schrëftsteller hat déi zwee Stécker an de Joren 1932 an 1934 verfaasst, also an enger Zäit, déi gepräägt war vun der Muechtiwwernam vun de Nationalsozialisten.
 
“Hien ass jo an den 30er Jore verfollegt gi vun de Nazien an huet misste flüchten aus Däitschland. Dat war schonn déi toxesch Zäit, wou ech soen, merde, dat kënnt haut erëm a mir sinn haut erëm eng Kéier an enger Zäit, wou ee ganz gutt muss oppassen. Déi rietsextrem Stréimungen, déi erëm opkommen, déi ganz geféierlech Saachen. Do kanns de Parallellen zéien zu deem, wat deemools war, lo net eent zu eent, awer et geet erëm an déi Richtung. Dat huet mech iergendwéi erausgefuerdert a gereizt, sou dass ech geduecht hunn, huel den Horváth als Ophänkert. Ech hunn awer natierlech mäint dorausser gemaach.”
 
Ganzer 27 Leit tëscht 13 an 73 Joer klammen ënnert der Regie vum Jemp Schuster an 31 verschidde Rollen. 
 
Nach bis de 26. Juli gëtt "Bei der Däiwel" am Prommenhaff zu Groussbus spillt.

Tickete fir d’Virstellunge vun deem "verdäiwelte" Stéck ginn et hei