Theaterregisseur Claus Peymann gestuerwen

© JENS KALAENE / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
De bekannten däitschen Theaterregisseur an Intendant Claus Peymann ass dout.
De bekannten Theaterregisseur Claus Peymann ass e Mëttwoch am Alter vun 88 Joer gestuerwen. De Wiener Burgtheater huet e Mëttwoch den Owend den Doud vu sengem laangjäregen Direkter confirméiert. Virdrun hat d'"Süddeutsche Zeitung" gemellt, datt de Peymann no laanger, schwéierer Krankheet e Mëttwoch zu Berlin gestuerwe wier. D'Zeitung hat sech op dat familiäert Ëmfeld vum Kënschtler beruff. De laangjäregen Intendant vum Berliner Ensemble huet fir d'lescht zu Berlin am Staddeel Köpenick gewunnt. De Kulturstaatsminister Wolfram Weimer huet de Peymann als en "Titan vum Theater" a "Meeschter vun der Zoumuddung an der Erneierung" gewierdegt.
De Peymann ass 1937 zu Berlin op d'Welt komm. Hien huet Germanistik, Literatur- an Theaterwëssenschaften zu Hamburg studéiert a war no enger Rei Joren un däitschen Theateren op Wien gewiesselt, wou hie vun 1986 bis 1999 de Burgtheater geleet huet. Duerno ass et zeréck an déi däitsch Haaptstad gaangen. Hei war hie vun 1999 bis 2017 Intendant vum Berliner Ensemble.
De Peymann zielt zu de renomméiertsten däitschen Theaterregisseuren, nieft Klassiker wéi Bertolt Brecht a William Shakespeare hunn och modern Auteure wéi Peter Handke an Elfriede Jelinek e Schwéierpunkt vu senger laanger Karriär ausgemaach. Zanter 1963 war de Peymann als Regisseur fir iwwer 45 Uropféierunge responsabel.