ENCORE !: D’Rockhal feiert hiren 20. Gebuertsdag mat engem gratis Concert
D’Rockhal feiert hiren 20. Gebuertsdag de 24. September 2025 mat engem exklusive Concert, dee méi wéi 30 lokal Bands zesummebréngt, dat alles ënnerstëtzt vun der eegener Hausband, déi aus 18 Leit besteet – et ass also en onvergiesslechen Hommage un d’Lëtzebuerger Musekszeen.
Zanter 20 Joer zielt d’Rockhal (Centre de Musiques Amplifiées) zu de Leadere vun der musikalescher Welt hei zu Lëtzebuerg – net nëmmen duerch Concerten, ma och duerch eng strukturéiert Plattform fir d'Entwécklung vu Kënschtlerinnen a Kënschtler.
Fir dësen 20. Gebuertsdag organiséiert d’Rockhal ee ganzen Owend mat engem speziellen Accent op déi lokal Musekszeen. Am Kader vum "Rocklab" gouf nämlech eng speziell Show zesummegestallt, déi e Bléck an d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft wërft.
Op der Haaptbün spille méi wéi 30 Artisten aus de verschiddenste Generatiounen, déi zesummen e musikalesch historeschen Owend garantéieren.
Ween trëtt alles op?
Adriano Selva • Andrea Galetti • Angel at my Table • Babyoil • Claire Parsons • Daniel Balthasar • De Läb • Deborah Lehnen • Defdump • Dream Catcher • EDSUN • Eternal Tango • Fallen Lies • Fred Barreto • Fusion Bomb • GLITTERSBERG • Hal Flavin • Hannah Ida • INBORN! • Joel Marques • Kid Colling • Krick • L.I.L Star • Laura Thorn • Luke Haas • Maz Univerze • Metro • Miaow Miaow • Monophona • Mutiny on the Bounty • My Own Ghost • NINON • Parity • Paul Lebrun • Pleasing • Porn Queen • Remo Cavallini • Scarred • Seed To Tree • Serge Tonnar • Tuys
Och wann den Event selwer gratis ass, sinn awer Entréestickete néideg, well d’Plaze limitéiert sinn.

© Rockhal / Rocklab