31. Editioun vum BD-Festival zu Conter
Mat ronn 100 Verkafsstänn an ongeféier 8.000 Visiteuren ass en och dëse Weekend sécher nees en Erfolleg.
Nieft de klassesche BDen, Figurinnen an anere Fanartikelen, huet de Festival awer och soss e volle Programm ze bidden, erzielt de President vum BD-Festival Jean-Claude Muller:
“Mir hunn dëst Joer och erëm eis BD-Parade, déi mer d’lescht Joer extra fir den 30. gemaach hunn. Déi wäert muer um 16:30 sinn. An da ganz nei dëst Joer ass de Graffixity , eppes fir eis Jugendlech tëschent 10 an 20 Joer. Mir hu Videospiller, de Gameboy ass erëm do an dann hu mer och den DJ Bluetag, deen do e bësse Stëmmung mécht.”
An enger Auteurenhal, mat ronn 50 Auteure kritt een donieft och nach d'Méiglechkeet, seng BDen ënnerschreiwen ze loossen oder kuerz mat sengem Liblingsauteur ze schwätzen. Hei huet och d’Librairie Ernster e grousse Verkafsstand mat allerhand BDen a Mangaen. An deene leschten 3 Joerzéngten huet sech och an der BD-Welt villes verännert an dat probéiert ee natierlech och bei der Organisatioun vum Festival mat afléissen ze loossen.
“Mir probéieren ëmmer weider ze innovéieren. Mir wëlle net stoebleiwen, mir wëlle weidergoen. Déi 9. Konscht ass eppes, wat immens evoluéiert an dofir kucke mer och ëmmer all Stiler, esou vill, wéi méiglech mat eran ze huelen.” Esou divers, wéi d'Bicher, déi een hei fënnt sinn och d'Leit, déi de Festival all Joer besichen.
Vu Kleng bis Grouss, ob BD-Fan oder einfach nëmme virwëtzeg, d'Leit kommen aus allen Ecken an ëmmer erëm op Conter ugereest. Opfälleg war deemno, dass vill Leit aus eise Nopeschlänner ugereest sinn, deelweis esouguer iwwer 200km, fir kënnen um BD-Festival weider Bicher fir hir Kollektioun ze kafen. An och um Sonndeg ass de Festival mat senge villen Attraktiounen am Zentrum vu Conter erëm vu moies 10 bis owes 19 Auer op.