D'Geschicht vum Atelier ass laang. Mir waren hannert d'Kulisse kucken an hu mat de Grënner, Mataarbechter a Museker geschwat.

Vu Rocklegende wéi Motörhead, Placebo oder Nina Hagen bis zu Mega Stare wéi dem Ed Sheeran oder dem Justin Timberlake - d’Panoplie u Museker an u Bünen ass iwwert déi lescht 30 Joer ëmmer méi grouss ginn.

Ma wéi leeft et hannert de Kulisse vun der fréierer Autosgarage of? A wéi gesäit en typeschen Dagesoflaf virun engem Concert aus? Mir hunn d’Mataarbechter aus dem Atelier duerch hiren Dag begleet.

30 Joer Atelier
Part 1

Weider geet et mat der Fortsetzung vun engem normale Showdag. Dat Ganzt elo aus der Siicht vum Jesse Hughes, dem Frontsänger vun der amerikanescher Rockband Eagles of Death Metal. D'Band trëtt scho fir déi 4. Kéier zu Lëtzebuerg op an heegt mëttlerweil eng enk Frëndschaft zu der Ekipp vum Atelier.

30 Joer Atelier
Part 2