22.116 Schüler waren an engem Musekscours ageschriwwen

Symbolbild / © AFP
22.116 Jonker waren am Laf vun dësem Schouljoer, wat elo op en Enn gaangen ass, an enger regionaler oder lokaler Museksschoul, oder am Conservatoire ageschriwwen.
Déi Chiffere goufen en Dënschdeg an der Educatiounskommissioun vun der Chamber virgestallt, nodeems sech déi Responsabel d’lescht Woch mat de Leit aus dem Ministère ausgetosch haten. 66% vun de Schüler hätte vun der Gratuitéit vun de Coursë kënne profitéieren.
Am Abrëll virun 3 Joer, wéi eng grouss Partie vun de Musekscoursen ebe gratis goufen, war och via Motioun gestëmmt ginn, dass e Suivi misst gemaach ginn. Am Laf vun 2024-25 hunn iwwregens 4,15% vun de Jonken d’Joer net fäerdeg gemaach. Dat ass liicht manner wéi déi zwee Jore virdrun.