Dëse Summer treffe mir erëm prominent Gesiichter an eiser Emissioun Promi-Spot. De Loïc Juchem huet sech mam Serge Tonnar an der Stad am CD-Buttek getraff.

Dobäi goung et ëm dem Serge Tonnar seng Musek, seng Ufäng an dat wat hie jonke Museker mat op de Wee gëtt. Rendez-vous hat hien eis beim Plakkepier vis-à-vis vum Palais ginn, eng Plaz, déi him ganz wichteg wier. Et wier déi leschten Héichbuerg, wou een nach Musek ka kafen. Als Kand ass hie schonn dohin akafe gaangen an elo bréngt e seng eege Musek dohinner.

Dat éischt Instrument, dat hie geléiert huet, war d’Gittar, mat 13/14 Joer. Scho ganz jonk huet hien d’Rock-Musek faszinéiert, mee datt hien emol professionelle Museker géing ginn, dat hätt hien net geduecht. Puer Joer huet hien och Journalismus studéiert an huet bei verschiddene Medienhaiser geschafft, dorënner de Radio 100,7 oder Tageblatt. Hie war net sou begeeschtert vun de Studien, mee et wier näischt anescht fir hien do gewiescht, an d’Méiglechkeete ware begrenzt. Iergendwann koum dunn awer ëmmer méi d’Musek an d’Spill, dunn ass den Theater nach dobäi komm an iergendwann war et dunn de Choix, et professionell ze maachen.

RTL

De Serge Tonnar ass 1970 gebuer a seng Texter, dacks op Lëtzebuergesch, si meeschtens rau an och mol onbequeem, hie sengt net nëmmen iwwert dat wat e gesäit, mee stellt et och a Fro. Op Social Media ass hien nach ëmmer aktiv, géing sech awer am léifsten ofmellen, mee da wier een als Kënschtler gestuerwen. Trotz allem post hien do reegelméisseg seng Meenung zu verschiddenen Themen, proposéiert Solutiounen a léist gäre mol hëtzeg Diskussiounen aus. Et wier dach awer e bësse seng Missioun an och säi Markenzeechen, sou de Serge Tonnar.

Him no misst och vill méi Musek op de Lëtzebuerger Radioe lafen, et misst ee vill méi houfreg op seng Artiste sinn, ouni elo nationalistesch ze ginn. Hien zielt zu de Matgrënner vum Kënschtlerkollektiv Maskénada, huet d’ASBL "Mir wëllen iech ons Heemescht weisen" gegrënnt an huet scho fir eng Partie Andy-Bausch-Filmer d’Musek komponéiert. A senger Fräizäit fiert hie vill mam Vëlo, geet an de Fitness oder mëscht Yoga zesumme mat senger Fra.

An der Emissioun Promi-Spot weise bekannt Leit aus Lëtzebuerg eis dëse Summer hir Liblingsplaz a mir profitéieren dovunner, d‘Persounen och besser kennenzeléieren. Mat dobäi dëst Joer ënner anerem de Philip Crowther, Eric Mangen a Gast Waltzing.

Kuckt hei all d'Episode vum Promi-Spot.