Den US-Popsänger Justin Timberlake huet Borreliose

Den Justin Timberlake live virun der Luxexpo um Kierchbierg. (Foto vum 8.7.2025) / © Steve Müller/RTL
Eréischt Ufank Juli stoung en nach bei der Luxexpo um Kierchbierg viru Lëtzebuerger Public op der Bühn. Elo koum déi schlecht Nouvelle fir de Weltstar.
Op Instagram huet de 44 Joer alen Justin Timberlake elo matgedeelt, dass seng lescht Welttour déi elo eriwwer ass, an iwwregens och den 8. Juli e Stop zu Lëtzebuerg gemaach huet, "kierperlech eng Erausfuerderung war an en zäitweis extrem strapazéiert huet". Ënnert anerem hätt e "mat gesondheetleche Problemer misse kämpfen a gouf mat Lyme-Borreliose diagnostizéiert". Mat dëser Krankheet ze liewen wier "souwuel geeschtlech, wéi och kierperlech" ganz ustrengend, erkläert den Timberlake weider.
A sengem Post erkläert hien, dass d'Diagnos hie "schockéiert" hätt, ma op d'mannst hätt hien dono verstanen, wisou hie sech no sengem Optrëtter dacks sou schlapp gefillt huet a Péng a senge Nerven hat. Hie wéilt dofir och kee Matleed vun de Leit, ma hie géif domadder awer wëllen erklären, mat war fir Erausfuerderungen hien hannert de Kulissen ze kämpfen hat. Eng Partie Fans hate jo eng Rei Optrëtter vum US-Popsänger kritiséiert.
Borreliose ass bekanntlech eng Krankheet, déi kann iwwerdroe ginn, wann ee vun enger Zeck gebass gëtt. Dëse Virus kann de System vun den Nerven an och d'Gelenker schiedegen. Zu de méigleche Symptomer gehéieren Féiwer, eng krees-förmeg Plaz ëm de Bass vun der Zéck, Péng, Middegkeet a Muskelschwächt. Bei ganz uerge Fäll kënne souguer Gelenker an Nerven fir ëmmer geschiedegt ginn. D'Krankheet gëtt iwwregens net vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen.
Den Justin Timberlake gouf als Member vun der Boyband NSYNC weltbekannt, iert en dono eng genee sou erfollegräich Solo-Karriär lancéiert huet a souguer Schauspiller ginn ass. Hie krut ënnert anerem als Schauspiller 4 Mol en Emmy an als Museker souguer 10 Mol de Grammy. Hien ass mat der Schauspillerin Jessica Biel bestuet an huet zwee Kanner.