Bis e Sonndeg de Mëtteg zäme fënnef Männer an hir Muse de Fiels
D'Euterpe, eng vun den néng Musen, steet dëst Joer am Vierdergrond vum Käercher Symposium.
Arons, Flick, Nuta, Scodro a Wient Jens: dës Nimm sti fir en internationale Power-Mix. Op der Neimillen zu Käerch schaffen dëse Summer op en neits fënnef Sculpteuren ënnert dem Afloss vun enger vun de néng Musen: Déi Kéier der Euterpe: Si steet fir Musek a Lyrik.
Déi 7. Editioun vum "International Muse Symposium" leeft zënter dem 16. Juli an nach bis e Sonndeg den Owend kann een nach live bei der Kreatioun vu Skulpturen dobäi sinn.
"Eis Zesummenaarbecht geet wäit iwwer dat rengt Dominéiere vun engem Fiels-Block eraus!"
Déi fënnef Maansleit mat fënnef verschiddenen Nationalitéite ginn also net just mat Muskele géint Steen a Fiels. D'Euterpe ass hir Inspiratioun, fir deem haarde mineralesche Block e femininen Touch ze ginn. De Gros vun hinnen flirt mat de weibleche Formen, mee deen Neien, dee Jéngsten, deen, dee Musek studéiert an duerch déi och anescht kreativ gëtt, bleift symmetresch a mat de Féiss um Buedem.
Den Abe Wient Jens, hollännesche Museker a Sculpteur, seet: "Steen ass fir mech, fir unzefänken, den Objet. Ech hu vill fotograféiert an wollt domadder d’Realitéit duerstellen oder eppes, wat der Wierklechkeet gläicht. Mir sinn amgaangen, dës Realitéit ze verléieren, well alles digital ass, sozial – mee keng richteg Realitéit!"
"And the stars look very different today"
"Ech hunn d’Stäre geholl an hunn déi duerch de Fielsblock geschéckt", erkläert den Alberto Scodro, Sculpteur aus dem Veneto. "Um Himmel gesäis de vun hei aus och d'Mëllechstrooss. An dat alles geet an de Steen eran a kënnt als Géigepole op där anerer Säit eraus. Déi eng Säit, also d’Stären, an op där anerer Säit d’Broscht, also dat Weiblecht."
Dem Tom Flick säin Himmel gouf no senger Formatioun zu Wien e Lëtzebuergeschen. Hien ass d’Gesiicht vum Symposium an organiséiert deen elo zu Käerch fir déi siwente Kéier. Néng därer Muse gëtt et jo: Inspiratioun – "Jo", mee "en Artiste ass fräi!", seet den Tom Flick Lëtzebuerger Sculpteur an Organisateur vum Symposium.
E live Happening mat Finissage e Sonndeg
D'Doru Nuta kënnt aus Rumänien reegelméisseg op Käerch. "Mir schaffen hei mat rosa Travertine, Bléck, déi aus der Tierkei kommen an déi d’Marbrerie Michelini eis geschenkt huet. Déi kleng aus Holz hunn ech als Skizz, als Modell gemaach, fir déi heibaussen."
Sou wéi hire Beruff an hir Passioun si verbënnt, sinn also och Steen an Holz net Hond a Kaz. Zu Käerch entstinn – wéi déi Däitsch géinge soen: wahrhafteg Kreatiounen, deels souguer bannent e puer Wochen, well déi gemeinsam Energie si géing stimuléieren.
E Wierk verkafen? Natierlech, ëmmer gär. Mä am Kontext vum Symposium net d’Prioritéit, soe si a weisen hir Muskelen nach dëse Weekend, zu Käerch. Héichpunkt a Finissage e Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer.