Nei däitsch Daily Soap mam Tommy Schlesser start de 6. Oktober

© RTL
Intrigen, Léift, Konkurrenzkampf – dat sinn d’Ingrédienten fir déi nei däitsch Serie “Die Cooking Academy”, déi vum 6. Oktober un op ProSieben leeft.
Mat dobäi ass och ee bekannt Gesiicht aus Lëtzebuerg. Den Tommy Schlesser konnt eng Roll ergatteren, a wäert reegelméisseg op der däitscher Tëlee ze gesi sinn. Vun den 120 Episoden, déi fir déi éischt Staffel gedréint gi sinn, spillt den Tommy als Deel vum Haapt-Ensembel a ronn 100 Episode mat – an dat nieft aneren etabléierte Schauspiller, déi een aus däitsche Serië kennt.
“Et ass scho wichteg als Lëtzebuerger Schauspiller am Ausland gesinn ze ginn”, esou den Tommy, “wa mir lo Chance hunn, kann dat hei jorelaang lafen”. Am Fokus vun der neier TV-Produktioun sti jonk Talenter, déi an der Kach-Schoul “Cooking Academy Culinary Arts by Alexander Eichen” zu zukünftege Spëtzekäch ausgebilt ginn.
A wéi dat bei enger Daily Soap esou ass, dierfen Drama a pikant Geschichten natierlech net feelen. Dozou dréit och dem Tommy Schlesser seng Roll bäi, a wéi wäit, dierfe mir natierlech nach net verroden.
RTL war bei den Dréiaarbechte vun enger Episod mat dobäi.