Ënnert anerem mat Filmer wéi "Paris, Texas" oder "Himmel über Berlin" ass de Wim Wenders och ausserhalb vun Däitschland weltbekannt ginn. En Donneschdeg feiert de Kënschtler seng 80 Joer.

Joerzéngtelaang scho verbënnt de Wim Wenders seng Film-Passioun mat der Begeeschterung vum Reesen. Dat iwwregens net just am Film, ma och an der Fotographie, dem Danz oder der Musek. Besonnesch markant fir dem Wenders seng Filmer sinn déi laang Astellunge vu wäite Landschaftsbiller an de Fokus op den Dialog.

De 14. August 1945 kënnt de Wim Wenders zu Düsseldorf op d'Welt a wiisst zu Koblenz an zu Oberhausen als Kand vun enger Doktesch-Famill op. Änlech wéi beispillsweis den David Lynch huet och de Wim Wenders a sech eng Ausbildung als Moler gemaach an ënnert anerem als Kofferstiecher zu Paräis geschafft. Hei war hien dann och reegelméisseg op Besuch an der Cinémathèque. Hei huet hien de Kino fir sech entdeckt an huet d'Konscht vum Film als "Suite vun der Molerei mat anere Mëttel" bezeechent. Zu München huet hien du säi Studium am Film am Joer 1970 ofgeschloss.

Mat "Paris,Texas" huet de Wenders ënnert anerem am Joer 1984 déi Gëlle Palm zu Cannes gewonnen, dat als zweeten däitsche Regisseur iwwerhaapt. Virdrun ass dat just dem Volker Schlöndorff mat der "Blechtrommel" gelongen. 1987 huet de Wenders dann "Der Himmel über Berlin" mam Bruno Ganz erausbruecht, e poetescht Meeschterwierk, dat haut als Klassiker vum däitsche Kino gëllt.

Bekannt ass och säin Dokumentarfilm iwwert déi kubanesch Museksgrupp "Buena Vista Social Club", fir déi hie seng éischt vun am Ganze 4 Oscar-Nominéierunge krut. Ënnert anerem goufen och seng Filmer  "Pina" an "Das Salz der Erde" fir Oscaren nominéiert.