Spider-Man: Brand New Day – Glasgow déngt als New York-Ersatz
Den Dréi fir den nächste Marvel-Film an de Stroosse vu Glasgow a Schottland gouf bis de 26. August verlängert.
De Superheld Spider-Man wäert hei nach méi laang duerch d'Stroosse schwéngen wéi ursprénglech geplangt. Et sollt een eigentlech schonn de 15. August fäerdeg sinn.
Fans hunn den Tom Holland um Set gesinn, mat Explosiounen an Action-Zeenen op den ëmgebaute Stroosse vu Glasgow, déi sollen un New York gleewen doen.
Eise Fotograf Steve Müller konnt e puer Stonne Biller maachen vum Dréi vun nächste "Spidey".
De Film "Brand New Day" kënnt am Summer 2026 eraus. Et ass de véierte Film vum Holland als Peter Parker a seng tatsächlech Liewens-Verlobten Zendaya soll och erëm dobäi sinn als MJ.
De Film gehéiert zu der 6. Phas vum sougenannten MCU, der Serie vu Kinosfilmer mat Marvelhelden. Dës Phas war elo am Juli ugaange mat dem okayen "Fantastic Four".
Nei am Cast sinn den Jon Bernthal als de Punisher an d'Sadie Sink (Stranger Things) an enger neier Roll.
De Filmtitel "Brand New Day" staamt aus enger ëmstriddener Comic-Serie vu Marvel.
Glasgow ass beléift fir Tournagë vu Blockbuster mat kostüméierten Helden. Aner Filmer wéi The Flash, The Batman, an och Batgirl (dee jo schlussendlech ni verëffentlecht gouf wéinst inkompetentem Management bei Warner Bros.) goufe schonn do gedréit.
Den Tom Holland war viru kuerzem och a Schottland fir dem Christopher Nolan säin nächste Film "The Odyssey".