Lëtzebuerger Musekszeen an Trauer
Batteur a Gittarist Chris Belardi am Alter vun 43 gestuerwen

© No metal in this battle
D'Lëtzebuerger Musekszeen ass an Trauer nodeems de Weekend d'Meldung koum, dass de Batteur a Gittarist Chris Belardi am Alter vun 43 Joer gestuerwen ass.
De Chris Belardi war virop bekannt fir seng Aarbecht an der Lëtzebuerger Rock-Zeen. Als Batteur a Gittarist huet hie sou bei enger Rei Gruppe matgewierkt – dorënner Cyan Velvet, No Metal in this Battle, Something under my Band an Chief Mart's. An dëser leschter Formatioun huet hien och wärend laanger Zäit an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht geprouft.
De Chris Belardi, deen als Schoulmeeschter geschafft huet, war bestuet an hat e Jong. Mir drécke senger Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
Am meeschte gelies