300 Joer al Gei kritt en Optrëtt zu London

© AFP/John MACDOUGALL
Eng 20 Milliounen Dollar deier Gei aus dem fréiere Besëtz vum weltwäit bekannte Komponist Niccolo Paganini kritt Enn August en Optrëtt zu London.
"Dat ass ouni Doute ee vun de groussaartegsten Instrumenter, déi jeemools hiergestallt goufen", schwäermt de südkoreanesche Violonist Inmo Yang, deen d’Éier huet, dës Gei beim klassesche Museksfestival BBC Proms zu London ze spillen.
Bekannt ass d’Gei ënnert dem Numm “Carrodus” a gehéiert zu de ronn 150 anere Geie vum italieeneschen Instrumenten-Hiersteller Giuseppe Guarneri del Gesu, déi haut nach existéieren. Am Juni gouf d’Gei fir 20 Milliounen Dollar (also ëm 17 Milliounen Euro) vun der Stretton Society kaf an elo fir den Optrëtt un de Yang verléint.
Den 30 Joer ale Geiist ka säi Gléck kaum faassen. Hie géif sech obligéiert fillen, gutt op d’Instrument opzepassen a schéin drop ze spillen. "De Gedanken, datt de Paganini dat Instrument benotzt huet, ass schonn iergendwéi spirituell."
D’Gei staamt aus dem Joer 1743 aus Cremona am Norde vun Italien. Nieft dem Geien-Hiersteller Antonio Stradivari zielt de Guarneri zu de wichtegste Meeschteren an deem Beräich.
De Yang wäert nächst Woch an der Londoner Royal Albert Hall d’Carmen-Fantasie vum Pablo de Sarasate spillen.