Kuerz viru sengem 104. Gebuertsdag ass den Designer vum legendären James-Bond-Logo e Sonndeg gestuerwen.

De Joseph "Joe" Caroff huet 1962 fir den éischten James-Bond-Film "Dr. No" den 007-Logo, dee bis haut nach benotzt gëtt, entworf. Bekannt ass hien awer net nëmmen doduercher ginn.

Ënner anerem huet hien a senger Karriär als Graphikdesigner a Plakat-Kënschtler och eng Rei bekannt Film-Plakater vu Filmer wéi "West Side Story", "A Hard Day’s Night" kreéiert. Hien huet vill mam Filmregisseur Woody Allen, fir deen hien och d'Affiche fir de Film "Manhattan" gemaach huet, geschafft.

Gebierteg war den Joe Caroff aus enger jiddescher Awanderer-Famill aus Babrujsk, Belarus, déi sech zu New York néiergelooss huet, wou hien den 18. August 1921 op d'Welt komm ass.

Wéi hien op d'Iddi vum Logo komm ass

"Ech wousst, datt dem Bond seng Benennung '007' wier, a wou ech de Stamm vun der Nummer Siwe geschriwwen hunn, hunn ech mir geduecht: ‘Dat gesäit wéi e Grëff vun enger Schosswaff fir mech aus.’ Et war ganz spontan, keen Effort, just e bësse Kreativitéit. Et ass natierlech passéiert", esou den Joe Caroff 2021 an engem Interview mat engem YouTuber.