Aus perséinleche Grënn
Rockband Mando Diao brécht Europa-Tour of

© AFP Archivbild
Viru Kuerzem huet Mando Diao nach am däitsche Lüneburg gespillt, kuerz drop goufe sämtlech weider Concerte bis zum Enn vum Joer ofgesot.
Wéi d'Band op Instagram matgedeelt huet, wier hir Decisioun aus perséinleche Grënn. Si hu sech entschëllegt a géife sech freeën, op d'Bün zeréckzekommen an an Zukunft nees Musek mat hire Fans ze deelen.
D'Europa-Tour ass deemno ofgebrach, op där si grad ënnerwee waren. Betraff sinn och Festivallen an Däitschland.
D'schwedesch Rockband ëm de Frontmann Björn Dixgård gouf viru méi wéi 20 Joer gegrënnt. Zu de bekanntsten Hits vu Mando Diao gehéiere Lidder wéi "Dance With Somebody" a "God Knows".
Am meeschte gelies