Am Virfeld vun de Lëtzebuerger Bünepräisser, déi de 25. September sollen iwwerreecht ginn, gëtt et vill Polemik.

Et huet gedauert bis d'Lëtzebuerger Bünepräisser aus de Startlächer koumen. Am Juni, also eréischt 3 Méint virun der Präisiwwerreechung, steet d'Zesummesetzung vum Jury fest. An déi ass net onëmstridden: De Jérôme Konen, Direkter vum Mamer Kinneksbond, geréit ënner Drock well verschidde Produktiounen nominéiert sinn, déi vu sengem Haus produzéiert, respektiv co-produzéiert goufen.

Ugangs August war schonn de Marc Baum als Member vum Jury zeréckgetrueden, dat wéinst dem fir hien ze kuerzen Zäitraum, dee fir d'Aarbecht vum Jury virgesinn ass.

De 7. August kënnt dann d'Shortlëscht eraus, a 6 verschiddene Kategorien (Bescht Kanner- a Jugendproduktioun/ Bescht Produktioun/ Nowuesstalent/ Hannert der Bün/ Op der Bün: Schauspill, Danz & Musek/ Op der Bün: Text, Konzept, Choreografie a Regie) ginn et all Kéier 5 Nominéierungen.

An och déi Kategorië suerge fir Diskussiounen. An engem Pressecommuniqué stellt de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband d'Fro, firwat et keng Kategorie gëtt déi d'Leeschtung vun den Theaterauteure wierdegt. Zwar ass mam Antoine Pohu en Auteur an der Kategorie "Nowuesstalent" nominéiert, hien ass awer deen eenzege Vertrieder vun den Theaterschrëftsteller. Knapps e Mount virun der geplangter Präisiwwerreechung ginn et also weiderhin hëtzeg Diskussioune ronderëm d'Bünepräisser.

Hei de Communiqué vun A:LL Schrëftsteller*innen vum 21.08.2025: 

 Nodeems d’Theaterpräisser 2021 an 2023 ënnert Konditioune vergi goufen, mat där mir
als Associatioun, déi d’Intérête vun de Schrëftsteller:inne vertrëtt, net konnten zefridde
sinn, ware mir beim Kulturministère an der Theater Federatioun intervenéiert, fir eng
méi grouss Visibilitéit an e méi grousse Stellewäert vum Text beim Verginn vun deene
Präisser ze fuerderen. Et ass schliisslech evident, datt den Theatertext an d’dramatescht
Schreiwen déi noutwendeg an onverzichtbar Bedingung sinn, fir datt et iwwerhaapt eng
Opféierung gëtt. Deemools krute mir gesot, datt d’Aart a Weis, wéi d’Nominatiounen
erausgesicht ginn, géif iwwerschafft ginn, fir e besseren Equiliber tëscht de verschiddene
kënschtleresche Sparte vum Theater an eng méi grouss Transparenz bei der
Nominatioun ze garantéieren.
Mir stelle fest, datt doraus näischt ginn ass. Den Theatertext gëtt nach ëmmer bei eng
Kategorie bäigeprafft, déi een ouni ze iwwerdreiwen als Wullkëscht ka bezeechnen (Mise
en Scène, Konzept, Choreographie). Wéi wann dat net scho schlëmm genuch wär, stinn
dëst Joer op der Shortlist vun där Kategorie véier (!) Kreatiounen aus dem Beräich vun
der Choreographie an eng Theaterregisseurin.
Mir stellen de Mérite vun deenen Nominatioune net a Fro. An awer si mir méi wéi
erstaunt iwwert deen offensichtlechen Desequiliber an de Mangel un Interessi fir de
Beruff vun deene Leit, déi fir den Theater schreiwen.
Mir kënnen einfach net gleewen, datt ënnert deene villen Texter an Traductiounen, déi
an deene leschten zwee Joer souwuel zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland mat Succès op
d’Bün bruecht goufen, net emol een eenzege sollt sinn, deen et verdéngt hätt, och just fir
e Bünepräis nominéiert ze ginn.
Vun deene Leit, déi d’Froen a Problemer vun eiser Zäit an hiren Texter verhandelen an
sech mat wichtige gesellschaftlechen Theemen auserneesetzen – dacks mat engem Fokus
op Lëtzebuerg – wier net emol een eenzegen, deen eng Nominatioun verdéngt hätt, mat
der Ausnam vum jonken Antoine Pohu, deen awer an der Kategorie vum Nowuesstalent
nominéiert ass?
Datt den Text eng weider Kéier iwwergaange gëtt, ass eng zousätzlech Téitsch an der
Konzeptioun vun dëse wierklech wichtege Präisser, déi vu Grond op nei geduecht misste
ginn, fir datt se dee Rayonnement an déi professionell Envergure kréien, déi hinnen zousteet.