Wéi d'LSC-Finalisten den ESC erliewen"Natierlech halen ech fir d'Eva!"

Lea Schwartz
Am Januar ware si nach Konkurrenten, elo drécke si alleguerten d'Daume fir d'Eva Marija. Mir hu mat den LSC-Kandidate geschwat an erausfonnt, wéi et hinnen zanter dem Optrëtt an der Rockhal ergaangen ass.
Si waren d'Finalisten vum Luxembourg Song Contest 2026 an drécken dem Eva Marija elo d'Daumen.
© Steve Müller

Wann den Donneschdeg den Owend d'Eva Marija fir déi éischte Kéier live op der grousser ESC-Bün wäert sangen, sinn och dräi fréier Konkurrenten am Publikum: den Hugo One, de Steve Castile an d'Irem. "Ech hoffen, dass d’Eva d’Zäit trotz dem Drock genéisse kann an natierlech, dass hatt et an d’Final packt!", esou de Steve Castile.

D'Irem wunnt zu Wien an de Steve Castile an den Hugo One iwwernuechte bei him. "Et wäert wierklech, wierklech cool ginn", seet den Hugo One, fir deen et den éischten ESC gëtt, deen hie live an der Arena materlieft.

Kuckt hei nach eng Kéier d'Optrëtter vum Irem, dem Steve Castile an dem Hugo One um Luxembourg Song Contest 2026:

LSC 2026 - Irem mat "Bad Decisions (Hush Hush)"
De leschten Act ass duerch. De Voting ass op.
LSC 2026 - Steve Castile mat Sweet Tooth
Den éischten Optrëtt vum Owend.
LSC 2026 - Hugo One mat "Born Again"
De 6. Sänger huet säi Song an der Rockhal presentéiert.

D'Daryss freet sech, dass Lëtzebuerg nees beim ESC dobäi ass a wäert mat Frënn a Famill zesummen d'Emissioun kucke wéi all Joers.

Wann hie ganz éierlech ass, hätt den André Baptista réischt dräi oder véier Eurovision-Song-Contest-Sendunge bis elo gekuckt. Hie verpasst et dacks a kritt da réischt mat, wann et schonn ze spéit ass, dass den ESC war. Dëst Joer wäert hien d'Halleffinall awer net verpassen a vun doheem aus dem Eva Marija säin Optrëtt suivéieren: "Natierlech halen ech fir d'Eva." Fir d'Finall selwer kann hien net kucken, hien huet ee Concert. "Mee ech wäert ganz vill "martian Vibes" op Wien schécken", seet den André Baptista, deen op der LSC-Bün als Andrew The Martian opgetrueden ass: "D'Eva Marija brauch net vill Gléck fir virun ze kommen."

Kuckt nach eng Kéier dem Andrew The Martian an dem Daryss hir Optrëtter um Luxembourg Song Contest 2026:

LSC 2026 - Andrew the Martian mat "I'm the Martian"
Als 5. stoung ee Mann eleng op der Bün.
LSC 2026 - Daryss mat "Melusina"
Den 3. Optrëtt vun Owend elo am Replay.

De Luzac hätt och sollten op Wien kucke goen, him ass awer eppes dotëscht komm, dofir kuckt hien vun doheem aus. "Egal wat d'Resultat ass, ech wëll just, dass hatt dat genéisst", seet hien.

Eng kleng Party hunn dogéint d'Bandmembere vu ShiroKuro organiséiert. Si kucke scho mol zu dräi als Grupp an hunn och nach Kolleegen agelueden fir déi grouss Finall, fir déi d'Eva Marija sech qualifizéiere muss. "On est convaincu qu’elle a toutes ses chances de se qualifier, et elle est super talentueuse", ënnersträicht den Nate, de Sänger vum Grupp.

Kuckt nach eng Kéier d'Optrëtter vu ShiroKuro an dem Luzac um Luxembourg Song Contest 2026:

LSC 2026 - ShiroKuro mat "Eye To Eye"
Act Nummer 4 op der Bün vun der Rockhal.
LSC 2026 - LUZAC mat Prison Dorée
Den zweeten Act ass laanscht.

"Le LSC nous manque, le Luxembourg aussi"

Bësse méi wéi dräi Méint si vergaangen, zanter dem Luxembourg Song Contest an der Rockhal. Zäit, déi d'Kandidaten gutt genotzt hunn, fir virun un hirer musikalescher Karriäre ze schaffen.
"On voit que le LSC a clairement ouvert une porte pour nous, qu'on n'est pas prêt à fermer", erzielt den Nate vu ShiroKuro. Si hunn un engem weidere Concours an der Belsch deelgeholl an deen och gewonnen. Doduerch dierfen si d'Ouverture vum "Ronquières Festival" an der Belsch am August spillen. Um Festival trieden ënner anerem och Macklemore, d'Charlotte Cardin an elo och Shiro Kuro op. Op de Luxembourg Song Contest kucken si gären zréck: "Le LSC nous manque, le Luxembourg aussi"

D'Daryss huet nom Luxembourg Song Contest eng kleng Paus gemaach: "Toute cette aventure du LSC a été un moment très spécial pour moi. C’était incroyable d’avoir pu monter sur cette scène." Mëttlerweil géif si nees lues ufänken mat der Musek, géif nei Lidder schreiwen a schafft u verschiddene Projeten. "J’espère pouvoir partager tout ça bientôt."

Aner LSC-Finaliste ware ganz produktiv, fir nei Lidder rauszebréngen. Den Hugo One, d'Irem an de Luzac hunn allen dräi schonn zwee Lidder zanter dem Januar erausbruecht. Am Juni soll nach eng nei Release vum Luzac kommen. "Ech krut mega vill Opportunitéiten. Mega dankbar fir dat alles", erzielt hien. De Sänger ass zum Beispill och invitéiert ginn, fir op der ESC-Preparty zu London ze sangen.

De Steve Castile hätt och vill Musek gemaach zanter senger Participatioun. Et géif awer nach bëssen daueren, bis eppes Neies erauskënnt. Hie war an Tëschenzäit och zwee Mol op der däitscher Tëlee fir iwwert seng Musek ze schwätzen. Fir den Télévie zu Lëtzebuerg war hien och als Artist opgetrueden: "An deem Kader hunn d’Laura Thorn, den Hugo, d’Irem an ech eng kleng Tour gemaach, wou mir bei de Centres de Promesses waren, an owes hu mir zesummen Poker Face op RTL performt. Dat war definitiv ee Highlight!"

Wat sinn hir perséinlech Favoritten?

D'Eva Marija trëtt net als eenzegt un, mee huet eng staark Konkurrenz. Och déi hu sech d'LSC-Finalisten vun dësem Joer schonn ugelauschtert an hunn do deels ganz ënnerschiddlech Meenungen.

Bei engem Lidd sinn si sech schonn mol eens. "Bella" vum Aidan, dee fir Malta untrëtt, fënnt de Steve Castile "extrem schéin", fir den Hugo One gehéiert et nieft Finnland an Dänemark a seng Top 3 an dem Luzac gefält et och gutt. Och wann hie perséinlech zwee aner Favoritten huet: "Ech hunn Albanien a Rumänien immens gären. Dat si meng Top 1 an Top 2." Dem Daryss gefällt d'Ballade, déi Australien schéckt. A fir den Nate vu Shiro Kuro ass Rumänien säi "Coup de Coeur" well si an eng Rock-Richtung ginn, wat him gutt gefält. Seng Top 3 sinn awer Moldawien, Griicheland a Georgien.

Den André Baptiste huet net direkt Favoritten, et wären der puer dobäi, déi engem gutt am Kapp bleiwen. "Mee näischt ass esou wéi eis LSC-Playlist", esou de fréieren LSC-Finalist.

Back to Top
CIM LOGO