E Mëttwoch den Owend stoungen an der Coupe de Luxembourg béid 1/2-Finallen um Programm. An der Finall, déi den 29. Mee am Stade de Luxembourg gespillt gëtt, wäert et zum Duell tëscht Rouspert an Déifferdeng kommen. Béid Ekippe konnte sech no jeeweils dramatesche Schlussphasen am Eelefmeterschéisse behaapten.
Déifferdeng - Rodange 1:1 (8:7 no Eelefmeterschéissen)
1:0 Dos Reis (70'), 1:1 Schur (90+6')
Zu Uewerkuer huet sech den FC Déifferdeng mat 8:7 no Eelefmeterschéisse géint Rodange duerchgesat a sech domat fir d'Finall qualifizéiert. An deenen éischte 45 Minutte kruten d'Spectateuren net all ze vill gebueden, well sech de Gaascht aus Rodange virun allem op d'Defense konzentréiert huet an et deemno och net zu ville Golchancë komm ass. Dräi Mol hätt d'Lokalekipp eng gutt Méiglechkeet op d'Féierung gehat, trotzdeem sollt et ouni Goler an d'Paus goen.
Am zweeten Duerchgang war et weider net dee beschte Match fir nozekucken. 20 Minutte viru Schluss ass den Duerchstouss aus Déifferdenger Siicht dann endlech gelongen. De Bruno Dos Reis war et, dee mat engem Schoss an de lénken Eck den um Enn decisive Gol schéisse sollt. Wéi alles dono ausgesinn huet, datt Déifferdeng dat iwwert d'Zäit brénge sollt, huet Rodange an der Nospillzäit dann awer nach eemol alles no vir gehäit an huet tatsächlech nach den Ausgläichsgol fonnt. An der 96. Minutt war et de Kévin Schur, deen de Ball no engem Fräistouss am Gewulls mat Hëllef vum Potto an de Gol schéisse konnt.
Fir béid Ekippen ass et also awer nach an d'Verlängerung gaangen, wou Déifferdeng op en Neits déi Ekipp mam Ball um Fouss war an d'Spill bestëmmt huet. Den 2:1 louch fir d'Haushären an der Loft, ma mat e bësse Gléck a vill Kampf krut sech Rodange an d'Eelefmeterschéisse gerett. Do huet et dann eng Zäit gedauert, bis et den éischte Feelschoss duerch den Aldin Skenderovic fir Rodange gouf. De Geoffrey Franzoni huet de Matchball doropshi genotzt an Déifferdeng an d'Finall geschoss.
Nidderkuer - Rouspert 2:2 (3:6 n.E.)
1:0 Duarte (21'), 2:0 Corral (60'), 2:1 Marques (87'), 2:2 Ferreira (89')
Rouspert huet sech dann nom Eelefmeterschéisse mat 6:3 géint Nidderkuer fir d'Finall qualifizéiert. Vun Ufank u war de Progrès déi besser Ekipp a konnt no gutt 20 Minutten duerch e Schoss an de Wénkel vum Clayton Duarte a Féierung goen. Och nom 1:0 gouf Rouspert vun den Haushäre gréisstendeels déif an déi eegen Hallschent gedréckt. Zur Paus stoung eng verdéngte Féierung.
Nom Säitewiessel waren d'Gäscht vu Rouspert da liicht besser am Match, ma trotzdeem sollt den zweete Gol vun der Partie fir Nidderkuer falen. No engem Feeler um Kenan Avdusinovic am Strofraum war de Lëtzebuerger Stiermer mat Lännermatch-Erfarung selwer ugetrueden, ma säi Schoss konnt de Bürger paréieren. De Ken Corral huet awer gutt reagéiert an huet am Noschoss op 2:0 erhéicht. D'Schlussphas ass dann nach eemol richteg spannend ginn, well Rouspert nach eemol alles probéiert huet, an dat mat Succès. Duerch zwee Goler bannent gutt zwou Minutte vum Marques a Ferreira stoung et an der 89. Minutt op eemol nees gläich, sou datt et awer nach an d'Verlängerung gaangen ass.
Hei ass dann trotz dem Versuch vu béiden Ekippen, de Wee Richtung Gol ze sichen, net wierklech vill geschitt. De Match huet vun der Spannung gelieft an d'Decisioun sollt dann och am Eelefmeterschéisse falen. Do huet Nidderkuer dann zwee Mol verschoss an duerch den decisiven Eelefmeter vum Jérémy Villeneuve geet et fir Rouspert an de Stade de Luxembourg.