D'Serie "Droneland" gouf deels zu Lëtzebuerg gedréint
Mir konnten en exklusiven Abléck hannert d'Kulisse vun der Produktioun werfen, déi ënnert anerem hei am Land gedréit gouf.
Am Mee hunn d'Dréiaarbechten a Polen ugefaangen, du ware se an Däitschland, an an Holland. Zanter dem 1. Juli gouf hei zu Lëtzebuerg gedréint. Rieds geet vun der Serie Droneland, déi elo fäerdeg ass mat den Dréiaarbechten. Mir haten exklusiv d'Méiglechkeet, fir mat der Kamera Backstage mat dobäi ze sinn an hinnen iwwert d'Schëller ze kucke bei enger Science-Fiction-Serie.
Schauspiller ewéi d'Sophie Mousel, de Marc Limpach, d'Fabienne Hollwege, de Jan Hendrik Stahlberg oder den Alexander Scheer, fir der nëmmen e puer ze nennen, waren hei och mat dobäi. Et ass eng europäesch Koproduktioun vun Iris Production.
D'Serie "Droneland" entféiert eis an eng Zukunft, an där Dausende vun Dronen a KI-Systemer alleguer d’EU-Bierger 24 Stonnen op 24 iwwerwaachen. D'Serie wäert och hei op RTL ze gesi sinn, wa se bis fäerdeg ass.