Um Belval feiert d’Rockhal dëst Joer hiren 20. Anniversaire. Et sinn zwee Joerzéngten, an deenen d'Industriekuliss a Rock/Popkultur zesummefonnt hunn.

Beim Startschoss 2005 waren d'Erwaardunge riseg: d’Gebai war fäerdeg, d'Grupp The Prodigy war prett an d'Koppel Grand-Ducale ass "Moie" soe komm. "An dunn ass d’Maschinn gerullt", erënnert sech den Direkter Olivier Toth.

Zanterhier sinn d’Produktiounen ëmmer méi grouss, méi faarweg a méi, "instagrammable" ginn. D’Rockhal huet 5 Joer no der Ouverture massiv an Toun a Luuchtentechnik investéiert.  Als kulturelle Schwéierpunkt um Belval ass d’Hall mëttlerweil e klore Point d’Attraction.

Festivitéite fir den 20. Anniversaire

E Mëttwoch huet d’Jubiläumsjoer eng staark lokal Nout kritt: Eng Auswiel u grousse Lëtzebuerger Museker a Bands aus de leschten 20 Joer hu sech d’Bün gedeelt - eng Widderhuelung vun deem, wat d’Zeen zu Lëtzebuerg staark gemaach huet: Zesummenhalt, Handwierk, a Live-Energie. "Mir hunn et ambitiéis ugesat. D’Kënschtler ware mega prett, an d’Leit do - et war e schrecklech schéinen Owend", esou dem Olivier Toth säi kuerze Bilan.

Monumental Tour mécht den Ofschloss

Den Ofschloss vum Anniversaire gouf e Samschden Owend ënner fräiem Himmel gefeiert: déi grouss Tour vum franséischen DJ a Produzent Michael Canitrot transforméiert d’Héichiewen an eng Zort Leinwand.

D'Luuchteprojektioune treffen op Elektro an d’Setlist bliedert duerch d’Erënnerungen aus de leschten zwee Joerzéngten: "Wéi e Fotoalbum: tëschenduerch soll ee sech soen ‘oh, do war ech’", esou den Olivier Toth.

De logisteschen Opwand ass grouss - Mapping, Deko, Sécherheet - "mee d’Ekippe si geüübt duerch Projeten ewéi dem Open Air Belval 2019 an 2022." Domat schléit d’Rockhal eng elegant Bréck tëscht Vergaangenheet a Zukunft. Erënnerunge sammelen, neier maachen - an den Album geet weider. "Mir hunn nach vill Iddien", seet den Direkter. Déi nächst Säiten am Rockhal-Memoire-Buch sinn also schonn ugeluecht.

Credits Video:

Smartprod.com / Wuddhy Fernandes – Emmanuel Linel
Let's Fly Production / Anthony Brzeski / Jean-Claude Brzeski
Cablecam operators : Bashir Benfaida, Julien Paindestre