"Steve" vum Tim Mielants
A sengem neie Film beliicht den Tim Mielants d'Aarbecht mat Jugendlechen, déi duerch d'Netz vun der Gesellschaft gefall sinn.
An engem britteschen Internat fir Jugendlecher, déi als problematesch vum Schoulsystem ofgestempelt goufen, ass de Steve Direkter an Enseignant. Wann et un allen Ecken u Mëttel a Personal feelt, setzen de Steve a seng Mataarbechter sech Dag an Nuecht fir d'Bouwen an, déi hir Plaz aus de verschiddenste Grënn an der Gesellschaft sichen an déi hei eng onverhoffte lescht Chance kréien.
Den Dag op deem eng Televisiounsekipp an d'Heem kënnt, fir e Reportage iwwert d’Institutioun ze maachen, gëtt fir den iwwerschaffte Steve séier zu engem Albdram.
"Steve" ass e ganz beandrockende Film iwwer d’Erausfuerderunge vum edukativen a soziale Beruffsfeld am Kontakt mat Jugendlecher, déi duerch d’Netz vun der geuerdenter Gesellschaft gefall sinn.
Mat enger couragéierter, präziser an originaler Mise-en-scène, déi zu kengem Moment pathetesch oder heuchleresch gëtt, engem séiere Rhythmus a grandiose Schauspiller ugefouert vum Oscar-Gewënner Cillian Murphy, geléngt et dem belsche Realisateur Tim Mielants, en emotionale Plädoyer fir all Forme vun Empathie ze halen.
De Manktem u Respekt a Matgefill fir déi Leit, déi an der Marge vun der Gesellschaft liewen, gëtt hei ëmsou méi kloer, wann déi voyeuristesch Televisiounsekipp just drop aus ass, skandaléis Biller anzefänken. Och wann de Schluss net grad déi selwecht Inspiratioun a Spannung huet wéi déi intensiv éischt zwee Drëttel vun dësem sozialen Drama, déi eng seelen Authentizitéit hunn, sou ass "Steve" eng aussergewéinlech an héich qualitativ Netflix-Produktioun, déi d’Grenze vum Bildungssystem genee wéi de Courage an Engagement vum Léierpersonal op erstaunlech an emotional Manéier erzielt.