
Den 98er Bensinn gëtt ëm 3,1 Cent méi deier a wäert domat vun en Donneschdeg Hallefnuecht un 1,648 Euro pro Liter kaschten. Op eng massiv Präishausse musse sech all déi Leit astellen, déi Diesel tanken: Hei klëmmt de Präis ëm 21,1 Cent vun 1,485 op 1,696 Euro pro Liter. Eng änlech Präishausse ass et beim Masutt, deen ëm 22,3 Cent méi deier gëtt an domat 1,145 Euro pro Liter kaschte wäert, amplaz wéi bis elo 0,922 Euro pro Liter.

An der éischter Stonn no der Annoncë vun der Hausse war awer net op alle Statiounen däitlech méi lass wéi soss. Op der Gulf zu Ettelbréck zum Beispill huet eise Journalist Domingos Oliveira kee gréissere Rush op den Diesel konnte feststellen. Ganz änlech war d’Situatioun am Pommerlach oder och um Sennengerbierg, wou eventuell “e bësse méi” Leit waren, fir hir Autoen nach vollzetanken.
Zulescht waren d’Präisser op der Pompel um Ufank vum Krich an der Ukrain vergläichbar staark geklommen. Den 9. Mäerz 2022, e puer Wochen nom Ausbroch vum Krich de 24. Februar, koum d’Annonce, datt de 95er Bensinn ëm Mëtternuecht ëm 23,2 Cent de Liter géif klammen. Beim 98er war et eng Hausse vu 16,7 Cent. Déi schroosten Hausse gouf et beim Diesel: 38,4 Cent de Liter huet een do bemol méi bezuele missen. Beim Masutt war et eng Hausse vun 32,4 Cent (50ppm), respektiv 40 Cent (10ppm). An der Konsequenz gouf et um Owend vum 9. Mäerz laang Schlaangen op den Tankstellen.