Kënnbakstee Boukels - zaart an delikat ënnert den Hummer
Wat mécht d'Duerfliewen aus? Mat Sécherheet déi lokal Wiertschaften, villäicht och al Hausnimm wéi "A Schoustesch" oder "a Woonesch".
Mir hate se verpasst - déi 30. Editioun vun der Välteskiermes zënter der Opersteeung vun dësem Brauch an den 90er. Wat gëtt dat eréischt am Waljoer…?!
Mee hei uewe si se net nëmme sympathesch, mee och extrem flexibel. Extra fir eis gouf et eng zweet Kënnbakstee. Mat, als Kiischt um Kuch oder Péiterséileg um Paté, dat passt besser, engem Aly Weicherding, deen Energie huet fir 50 därer Kiermessen/d’Joer.
Den Zoustännege fir de Patrimoine immateriell war mat eis op Boukels komm. De Patrick Dondelinger ëmmer méi gladdereg, den Aly Weicherding houfreg op säi Fleesch an d’Schwäin donieft – pardon, e Béier ouni Jicken nennt ee Burg oder Bierg op Lëtzebuergesch, "Böhreg" op Boukelsser – ma deen denkt sech säint. Well mat verléift sinn, an dat hei fir d’Freiesch steeën, huet dëst näischt ze dinn.
Ech mengen dat kéim schlecht un, wann een nuets mat engem Kënnbak gemetert kéim, prophezeit den Organisateur vun der Välteskiermes a Chef vun de Vältesfrënn, Aly Weicherding, an erkläert, dass Kënnbak e Stéck ass vum Schwéngsgebéck.
D’Kënnbakstee huet e reliéisen Hannergrond, de Vältes ass de Patréiner net just vun de Verléiften, mee och vun Haff an Duerf a vum Schwäin. An der Zäit war de 14. Februar e Pilgerdag an d’Fleesch, dat déi Gleeweg matbruecht hunn, goung als Affer un d’Kierch. Den hellege Vältes huet ëmmer nach seng Plaz an der Kierch an an der Gemeng.
Dem Buergermeeschter vu Géisdref Jean-Paul Mathay sinn Traditioune wichteg, grad ewéi dem Delegéierten aus dem Kulturministère. De Staat wéilt mam neie Gesetz dës Zort Patrimoine schützen, seet de Patrick Dondelinger a proposéiert, dass d’Gemeng aus hirem Fest eng Kandidatur mécht, fir op d’Lëscht vum geschützten, immaterielle Patrimoine vu Lëtzebuerg.

© Danielle Goergen
D'Episode vun der Serie Patrimoine am Iwwerbléck
Deel 1: Fléitzen ass wéi Nätzen ouni Schlauch
Deel 2: Mir si Buch, méi streng an INPA!
Deel 3: Villa Pauly - Träppleker, déi vum Krich erzielen
Deel 4: Privat-Kollektioun aus Passioun
Deel 5: Viichten: Scientia potentia est
Deel 6: Hôtel des Postes: D'Kathedral vun der Kommunikatioun