Iwwer Joerzéngte gouf si oft op e puer Clichéë reduzéiert. Dobäi war d’Marianne Faithfull eng villfälteg Kënschtlerin, déi aus hirem beweegte Liewen ëmmer nees eng kreativ Kraaft konnt zéien, déi bis an den Alter ugehalen huet.
Am fiktive Ministère géint d’Vergiesse preparéiert eng Responsabel, gespillt vum Tilda Swinton, e Projet, deen d’Liewe vun enger bedeitender Persoun soll opschaffen, Als éischte Sujet wielt si d’Marianne Faithfull. Wärend si mat engem Interviewer iwwert d’Archivmaterial vun hirem Liewe kuckt, ginn an den anere Raim vum Ministère hir Lidder vu bekannte Kënschtler interpretéiert an Diskussiounen iwwert hiert d’Wierk gefouert.
An hirem kreativen Documentaire "Broken English" weisen d’Jane Pollard an den Iain Forsyth, wéi d’Marianne Faithfull sech zanter dem Ufank vun hirer Carrière géint eng falsch Duerstellung vun hirer Persoun huet misse wieren. Eng kënschtleresch Identitéit, déi laang am Schied vun hirer Relatioun mam Mick Jagger stoung, Texter déi zu hirer Zäit vun enger Fra net akzeptéiert goufen a Suchtproblemer, fir déi si ëffentlech ëmmer nees bloussgestallt gouf, gehéiere genee esou zu hirem Wee, wéi hir grouss poetesch a musikalesch Sensibilitéit. D’Realisateure setzen der couragéierter Kënschtlerin, déi wärend dem Tournage verstuerwen ass, dat filmescht Monument, dat si verdéngt huet.