
De Film hëlt ee mat an d'Welt vum Internetphenomen "creepypasta", eng Rei Horrorgeschichten, déi an den 00‘er Joren an online Foren entstane sinn a sech duerch ëmmer nees kopéieren an nei posten esou verännert hunn, dass kee méi genau weess, wou se hier kommen a wat et mat hinnen op sech huet. Esou eng Geschicht erzielt vun de sougenannte Backrooms, scheinbar sënnlos Hannerraim, déi sech wéi eng Welt an enger Welt onendlech ausbreeden a verzerren. Et ass e Labyrinth aus eidele Bürosraim an déi ee wéi duerch e Glitch an engem Videospill erakënnt.
Genau dorëms geet et och am Film "Backrooms". De Clark, Proprietär vun engem Miwwelgeschäft entdeckt am Keller vu sengem Buttek eng onsiichtbar Entrée an dës Backrooms a gëtt mat der Zäit ewéi besiess dovun. Och seng Psychologin d‘Mary gëtt um Enn an déi onheemlech Welt vun de Backrooms eragezunn an erlieft wéi eng Grausamkeeten do op ee waarden.
"Backrooms ass eng low-budget Produktioun, déi mat intime Kameraféierungen de Spectateur vun Ufank un ze pake kritt. Am Laf vum Film kritt een ëmmer méi vun dëse Backrooms ze gesinn, ma et kritt een awer ni esou wierklech ze verstoen, wat dohannert stécht. Wat sech bei dësem Film allerdéngs doriwwer eraus och nach entwéckelt, ass e psychologeschen Niveau, deen d'Fro an de Raum geheit, ob sech dat ganzt net just am Kapp vum Haaptpersonnage ofspillt.
Kann een de Film also als Metapher fir psychesch Krankheete gesinn? Déi Theorie ass net offiziell bestätegt, ma op alle Fall kann een dem Film awer loossen, dass en d'Atmosphär vu creepypasta genau eriwwer bréngt, an trotz oder grad wéinst sengen Ambiguitéiten esou spannend bleift. Backrooms ass fir de Kane Parsons definitiv e gelongen Debut.