
Heiansdo wonnert ee sech schonn, wéi eng – à la base reliéis – Feierdeeg sech bis haut gehalen hunn. Zwee vun e stieche besonnesch ervir, zwee op engem festen Dag a mat engem änlechen Numm: Christi Himmelfaart, ëmmer genee 40 Deeg no Ouschteren an dofir och ëmmer donneschdes, mä op ënnerschiddlechen Datumen, a Mariä Himmelfaart, ëmmer de 15. August.
Datt et Christi an net Christus an och Mariä an net Maria ass, huet domat ze dinn, datt dat déi laténgesch Genitiv-Forme vun den Nimm sinn: Christi Himmelfaart heescht also dat selwecht ewéi d'Himmelfaart vu Christus a Mariä (et fënnt een och alt Mariae) Himmelfaart bezeechent d'Himmelfaart vum Maria.
Ofgesi vu Latäin, Orthografie a Grammaire héiert een haut awer virun allem Maria Himmelfaart, esou ass de summerleche Feierdag och am Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD ze fannen. Mat deem op d'mannst gradesou bekannte Synonym: Léiffrawëschdag. Am ale Luxemburger Wörterbuch fënnt een, nieft Christi Himmelfahrt (nach mat h geschriwwen) an nieft Himmelfaartsdag, och nach Krautwëschdag oder Krautdag, well deen Dag d'Kraut, also d'Kräider a soss Recoltë geseent ginn. Déi Begrëffer hu sech plazeweis och nach bis haut gehalen.
Elo awer hannescht zum Feierdag vun haut, vum Donneschdeg, de 14. Mee 2026: Mir sinn op den Dag genee 40 Deeg no Ouschteren a gefeiert gëtt den "Opstig" respektiv d'"Ascensioun" vu Jesus Christus an den Himmel, also Christi Himmelfaart. Ma fir dee Feierdag gëtt et nach aner Bezeechnungen an dat weess kee besser wéi den Alain Atten.
A senger Serie op Radio Lëtzebuerg nennt de Sproochmates zum Beispill den Häraffertendag (och nach Häroffertendag) oder einfach den Affertendag, dat sécher nach esou muncher engem geleefeg ass a wouran een de Begrëff "Auffahrt" erkennt. Déi Etymologie wier also séier gekläert.
An da gëtt et och nach Klammop oder Christi-Klammop, deen et effektiv an den alen Dictionnaire gepackt huet, do awer als witzeg Bezeechnung fir de Feierdag bezeechent gëtt – Zitat: Klammop (Ton: 2) F.: «Auffahrt» — vor allem in der spaßh. Bildung: Christiklammop «Christi Himmelfahrt» (früher auf der Kanzel gebr.). Och d'Bezeechnung Krëschtes-klamm-op fënnt een am Luxemburger Wörterbuch, haut géif ee wuel éischter Chrëschtes-Klammop schreiwen.
Wouhier de Begrëff kënnt, läit op der Hand, an den Alain Atten huet esouguer eng Pist, wéi e kéint entstane sinn ...
Häraffertendag oder einfach gesot: Christi Himmelfaart. An dat sinn d'Nimm fir dee Feierdag nach laang net all ... Vum Alain Atten.
Egal wéi Der den Dag vun haut nennt, ob Der e feiert oder net a ganz onofhängeg vun der Meteo: Schéine Feierdag!
PS: Patréiner vum 14. Mee ass den hellege Bonifatius, hien ass deen drëtte vun den dräi Äishellegen; den 12. Mee ass den Dag vum hellege Pancratius, den 13. Mee ass et dee vum hellege Servatius ... a gemenkerhand gëtt do och nach dat kaalt Sophie matgezielt, deem säin Namensdag ass de 15. Mee. Och hei weess de Sproochmates méi:
Déi 3 Äishelleg hunn Nimm. Net direkt geleefeg Nimm, dat huet eise Sproochmates Alain Atten selwer och nach esou erlieft, wéi en an d'Schoul gaangen ass.
Den hellege Mamertus, deen den 11. Mee gefeiert gëtt, gehéiert am Fong och nach zu den da fënnef Äishellegen, dee gëtt hei am Land awer net besonnesch veréiert, dofir geet zu Lëtzebuerg meeschtens rieds vun den 3 Äishellegen an dem kale Sophie.