Basketball-ChampionnatEtzella Ettelbréck ass de Champion bei den Hären

RTL Lëtzebuerg
De Champion am Basketball-Championnat bei den Hären ass fir déi zweete Kéier noeneen d'Etzella Ettelbréck.
Etzella Ettelbréck feiert Championstitel am Basket
© Ketty a Rom Hankes

Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck an eegener Hal mat 87:81 géint d'Sparta Bartreng duerchgesat an domat d'Best-Of-Five-Serie mat 3:0 gewonn. Et ass de 17. Championstitel bei den Hären an der Veräinsgeschicht.

Am éischte Véierel hunn op béide Säite scho fënnef Spiller Punkte Punkte markéiert an insgesamt si vill Wërf gefall an engem schnelle Match. D'Lokalekipp konnt sech duerch den Impuls vum Billy McDaniel e klenge Virsprong no 10 Minutten erausspillen (27:23). Am zweete Véierel ass d'Worfquot op béide Säite liicht zeréckgaangen, Ettelbréck huet déi lescht 6 Punkte virun der Hallschecht geworf an ass mat enger 45:39 Féierung an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel konnt d'Sparta de Réckstand op 50:51 verkierzen. Duerno huet Bartreng allerdéngs säi Rhythmus verluer, d'Etzella huet profitéiert an ass no engem "buzzer-beater" vum Adrian Delph mat enger 64:54 Féierung an de leschte Véierel gaangen.

D'Sparta konnt sech am véierte Véierel mat staarker Moral nees an d'Partie zeréck kämpfen an d'Entscheedung sollt an de leschte Minutte falen: 2 Minutte viru Schluss stoung et 78:78 gläich. Den Thomas Henkel konnt zwee Dräier an der entscheedender Phas markéieren an d'Lokalekipp konnt jubelen.

Den Billy McDaniel (21 Punkten), Adrian Delph (20) an de Nicholas Davis (20) hunn am beschte getraff bei der Lokalekipp.


Back to Top
CIM LOGO